D'Fräsbech och Fräsbaach a Friesbaach, a vun de Leit aus der Géigend Freesbich genannt, entsteet nordëstlech vu Rued an engem klenge Weier am Seilbur op enger Héicht vu 430 Meter.

Fräsbech
Längt ± 7 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Rued
Héicht 430 m
Koordinaten 49° 47’ 52.5’’ N
      5° 49’ 26.6’’ O
Konfluenz
Leeft an Atert
Plaz Réiden op der Atert
Héicht 162 m
Koordinaten 49° 45’ 49’’ N
      05° 52’ 42.4’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek
Guttland
Uertschaften Rued
Nojem
Réiden op der Atert

Ronn 700 Meter duerno leeft vu lénks den Haubur dran, eng kleng Baach déi vum Lannener Bierg kënnt. Duerno leeft se laanscht Lannen, an dréint no Osten op Nojem zou wou se fréier zwou Mille gedréit huet. Zu Nogem leeft se ënner dem CR203 erduercht. Hei kënnt och nach vun Norden eng Bächelchen dobäi déi aus dem Jongebësch tëscht Nogem an Hueschtert kënnt. Si leeft da weider a südëstlecher Richtung laanscht Ousterbur op Réiden op der Atert zou wou se d'Felleschmillen an d'Thillsmillen ugedriwwen huet. Si leeft dann op der Héicht vun der aler Janglisgare ënner der N22 erduercht an 200 Meter virun der Schummeschmillen leeft d'Fräsbech an d'Atert.

D'Fräsbech huet eng Längt vu ronn 7 Kilometer.

Kuckt och änneren