Foussgängerbréck zu Walfer

D'Foussgängerbréck zu Walfer ass eng Bréck iwwer d'Uelzecht an der Gemeng Walfer déi vun der Tonn zu Helsem an d'Elterstrachen zu Bäreldeng féiert.

Elterstrachen - Op der Tonn - Bréck

D'Bréck ass 100 m laang an 3 m breet. Beim Bau goufe 95 Tonnen S235-Stol veschafft, 20 Tonnen Inox an um Tablier leien 300  Madrillen déi 6 cm déck sinn.

D'architektonescht Konzept an d'statesch Berechnunge goufe vum Architektebüro Simon-Christiansen & Associés gemaach, déi och fir d'Koordinatioun vun der Sécherheet verantwortlech war.