Foussgängerbréck an der Avenue Kennedy
D'Foussgängerbréck an der Avenue Kennedy war eng metalle Bréck um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se gouf Enn 1996 am Optrag vum Fonds du Kirchberg an der Avenue John F. Kennedy opgeriicht[1] an 2015 nees ofgerappt.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 37’ 57.07’’ N 6° 10’ 18.59’’ E |
Funktioun | |
Benotzt als | Foussgängerbréck |
Féiert iwwer | Avenue John F. Kennedy |
Technesch Detailer | |
Totallängt | ca. 27 m |
Felder/Béi | 1 |
Breet | ca. 2 m |
Fräi Héicht | ± 4,50 m |
Material | Metall |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1996 |
Ofgerappt | 2015 |
D'Avenue Kennedy war deemools nach éischter eng „Schnellstrooss” ouni Verkéiersluuchte fir d'Leit sécher iwwer d'Strooss ze kréien. Aus deem Grond war d'Léisung mat enger Bréck fonnt ginn, fir datt ee sécher vun enger Säit vun der Avenue op déi aner goe konnt. Wéi ëmmer méi an der Ëmgéigend gebaut gouf, Kinoen, Butteker a Bürosgebaier opgaange sinn an d'Avenue zu engem stättesche Boulevard ëmgebaut gouf, sinn och op de Kräizunge Foussgängersträifen a Verkéiersluuchten amenagéiert ginn.
Domat hat d'Bréck keen Zweck méi a se gouf no 19 Joer, am Mee 2015 ofgerappt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Passerelle Kirchberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ « Avis d'adjudication » am Lëtzebuerger Land Nr 31 vum 2. August 1996, S. 14