Fousgängerbréck Minden-Steenem

Grenzbréck iwwer d'Sauer tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Steenem an der däitscher Uertschaft Minden


D'Foussgängerbréck Minden-Steenem ass eng Grenzbréck iwwer d'Sauer tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Steenem an der däitscher Uertschaft Minden. Se steet um Flosskilometer 22,300. D'Bréck, déi 650.000 DM kascht hat, gouf den 29. Juni 1985 a Presenz vum lëtzebuergesche Minister Fernand Boden, a vun de Vertrieder vum Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark, an zwar de Georges Wagner fir Lëtzebuerg an de Konrad Schubach fir Däitschland ageweit an op den Numm Konrad-Schubach-Bréck gedeeft.

Fousgängerbréck Minden-Steenem
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Steenem
Minden
Flosskilometer 22,300
Koordinaten 49° 49’ 17.8’’ N
      06° 28’ 26.6’’ O
Chronologie
Baujoer 1984 - 1985
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
(Trach iwwer 3 Felder)
Längt tëscht Widderlager 81,82 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 22,91 - 36,00 - 22,91 m
Material Stol
Bemierkungen
Bauhär Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark

Kuckt och änneren

Literatur änneren