Fontaine-Française
franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Côte-d'Or
Fontaine-Française ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Côte-d'Or an der franséischer Regioun Bourgogne.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Bourgogne-Franche-Comté | ||||
Departement | Côte-d'Or | ||||
Arrondissement | Dijon | ||||
Kanton | Saint-Apollinaire | ||||
Postcode | 21610 | ||||
Gemengecode | 21277 | ||||
Koordinaten | 47° 31’ 34’’ N 05° 22’ 14’’ O | ||||
Fläch | 3 066 ha | ||||
Bevëlkerung | 916 (1999) |
Se läit am Dall vun der Vingeanne déi do parallel mat dem Canal de la Marne à la Saône leeft. Am Westen an am Norde stéisst se un zwéi grouss Bëschmassiver, d'Forêt de Velours an d'Forêt de Fontaine-Française.
Nopeschgemengen
ännerenGeschichtleches
änneren- Am fënnefte Reliounskrich dee vu 1574 bis 1576 gedauert huet, huet de Pfalzgrof Jang Casimir deen dem François vun Alençon an de Protestante mat senge Sëldner gehollef huet, d'Stad am Joer 1576 geplëmmt.
- Am aachten a leschte Reliounskrich, de vu 1585 bis 1598 gedauert huet, war um Territoire vun der Gemeng d'Schluecht vu Fontaine-Française, an där sech de 5. Juni 1595 den Henri IV. an d'Kathoulesch Liga bekricht hunn.
Bis dohi war Fontaine-Française eng Enklav am Herzogtum Burgund gewiescht.
Duerch d'Gemeng leeft e Kiem
Kuckeswäertes
änneren- D'Schlass vu Fontaine-Française.
- De Buer Henri IV, en Undenken un d'Schluecht dat 1803 opgeriicht gouf.
- D'Waassermillen
- En alen Héichuewen
- Déi fréier Leprosestatioun
- D'Kierch aus dem 13. Joerhonnert
- D'Weieren, Etang du Fourneau, Etang de Bessey an Etang du Château.
Um Spaweck
ännerenCommons: Fontaine-Française – Biller, Videoen oder Audiodateien |