Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Flächemooss, och Flächeneenheet oder Flächemoosseenheet genannt, ass eng Moosseenheet fir Bezeechnung vun der Gréisst enger Fläch.

Ënner enger Flächemooss versteet een eng Eenheet fir d'Miesse vun enger Fläch an zwou Dimensiounen (z. B. der Uewerfläch vun engem Kierper).

No dem internationalen System sinn d'Flächemoosse vum Meter a sengen Deeler ofgeleet. D'Grondeenheet ass de Quadratmeter:

Well bei der Berechnung vun enger Fläch ëmmer zwou Längtemoosse mateneen multiplizéiert ginn, handelt et sech bei Flächeneenheeten ëm Längteneenheeten zum Quadrat (héich zwee). D'selwecht ergëtt sech bei enger Verzéngfachung vu béide Längteneenheeten eng Verhonnertfachung vun der Fläch. Dofir ass d'Ëmrechnungszuel vum Meter zu den nächste méi klenge Flächemoossen honnert.

Zum Beispill: Quadratkilometer, Quadratdezimeter, Quadratzentimeter, Quadratmillimeter etc.

Weider Flächemoosse sinn: Barn, Square inch, Square mile, Acre, Ar, Muergen, Hektar, Dageswierk, Dunam, Rai, Stremma.

Kuckt och änneren