Fir ëffentlech Bibliothéiken
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fir ëffentlech Bibliothéiken asbl, kuerz FËB, ass e lëtzebuergesche Veräin, deen de 24. November 2009[1] mat follgenden Ziler gegrënnt gouf: d'Grënnung vun enger Stëftung déi engersäits d'Kreatioun, den Ënnerhalt an d'Entwécklung vun ëffentleche Bibliothéiken zu Lëzebuerg finanziell ënnerstëtzt, an anerersäits déi Veräiner an national professionell Institutiounen déi zu hirer Modernisatioun bäidroen. Fir en effikassen Asaz vu senge Mëttelen ze garantéieren, offréiert de Veräin Informatiouns- a Berodungsservicer fir eenzel Projetdréier.
De Veräin hëlleft a follgende Gebidder finanziell virun[2]:
- Gebaier an Ekipementer;
- Animatioun inkl. Material;
- Weiderbildung;
- Personalkäschten;
- technesch Hëllef;
- Expertisen a professionell Berodung;
- Projete fir sech ze professionaliséieren, ze moderniséieren a fir evaluéiert ze ginn;
- Kooperatioun mat aneren nationalen an internationalen Organisatiounen;
- Bourssen a Bäihëllefen am Kader vun internationaler Zesummenaarbecht;
- Präisser a Gielercher;
- Kreatioun vun enger zentraler Institutioun vun den ëffentlech zougängleche Bibliothéiken.
Fir an de Genoss vun enger Bäihëllef ze komme mussen déi ëffentlech Bibliothéike follgend Krittären erfëllen[3]:
- eng fix Bibliothéik sinn;
- fir jiddwereen accessibel sinn ouni Beuechte vu Rass, Sex, Relioun, Nationalitéit, Sprooch oder soziale Statut;
- Sammlungen a Servicer ubidden, fräi vun all Form vu Zensur, sief et ideologescher, politescher oder reliéiser Natur, a fräi vu kommerziellem Afloss;
- dokumentaresch Sammlungen ubidden;
- Sammlungen ubidden a mindestens enger zu Lëtzebuerg offizieller Sprooch.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 2437: 116941-116944 vum 15.12.2009.
- ↑ Cf. Artikel 3 vun de Grënnungsstatuten
- ↑ Cf. Artikel 4 vun de Grënnungsstatuten