Filippo Inzaghi
De Filippo „Pippo“ Inzaghi, gebuer den 9. August 1973 zu Piacenza an Italien, ass e fréieren italieenesche Foussballspiller a momentane Trainer.
Filippo Inzaghi | ||
De Filippo Inzaghi | ||
Spillerinformatiounen | ||
---|---|---|
Vollen Numm | Filippo "Pippo" Inzaghi | |
Gebuertsdag | 9. August 1973 | |
Gebuertsplaz | Piacenza, Italien | |
Gréisst | 181 cm | |
Positioun | Stiermer | |
Veräiner an der Jugend | ||
Piacenza Calcio | ||
Veräiner als Aktiven1 | ||
Joer | Veräin | Matcher (Goler) |
1991–1995 1992-1993 1993-1994 1995-1996 1996-1997 1997-2001 2001-2012 |
Piacenza Calcio → UC AlbinoLeffe (geléint) → Hellas Verona (géleint) AC Parma Atalanta Bergamo Juventus Turin AC Mailand |
39 (15) 21 (13) 36 (13) 15 (2) 33 (24) 120 (57) 202 (73) |
Nationalekipp | ||
1997-2007 | Italien | 57 (25) |
Statiounen als Trainer | ||
2013-2014 2014-2015 2016-2018 2018-2019 2019- |
AC Mailand Jugend AC Mailand Venedeg Bologna Benevento | |
1 Nëmme Liga-Matcher.
|
Karriär
ännerenAm Veräin
ännerenDen Inzaghi huet seng Carrière beim FC Piacenza, an der Serie B ugefaangen. Am Joer drop huet hien 13 Goler an 21 Serie-C1-Matcher (drëtt italieenesch Liga) fir UC AlbinoLeffe geschoss.
No jeeweils engem Joer bei Hellas Verona a bei Piacenza, ass den Inzaghi an der Saison 1995/96 beim AC Parma an der Serie A an hien huet do zwéi Goler a 15 Matcher geschoss.
Hien huet sech definitiv an der Saison 1996/97 etabléiert, wéi hien a sengem zweete Joer an der Serie A 24 Goler an 33 Matcher bei Atalanta Bergamo geschoss huet. Den Inzaghi ass wéinst senge gudde Leeschtunge bei Atalanta 1997 op Juventus Turin gewiesselt fir déi hie 4 Saisone mat groussem Erfolleg gespillt huet.
Virun der Saison 2001/02 ass de Filippo Inzaghi bei den AC Mailand gewiesselt[1], mat dem hien 2002/03 d'UEFA Champions League gewonnen huet an 2003/04 säin zweete Scudetto gewonnen huet.
An der Serie-A-Saison 2006/07 huet hien an 20 Matcher zwéi Goler geschoss. De jonke Stiermer Alberto Gilardino ass méi dacks wéi de Filippo Inzaghi an der Liga agesat ginn. An der Champions League ass den Inzaghi erëm virgezu ginn an huet Mailand bis an d'Finall géint den FC Liverpool bruecht an huet d'Finall och gewonnen.
De 4. Dezember 2007 huet de Filippo Inzaghi géint den Celtic FC säin 63. Europapokal-Gol geschoss an ass domat dee Spiller deen déi meescht Goler an der Geschicht vum Europapokal geschoss huet.
Nodeem hien an der Champions League beim 2:2 géint Real Madrid déi zwéi Goler geschoss huet, huet den Inzaghi sech den 10. November 2010 am Match géint US Palermo e Kräizbandrëss agefaangen.
Nodeem säi Vertrag an der Saison 2011/12 ausgelaf ass, ass hie Jugendtrainer am U-16-Beräich ginn.[2] 2013 ass hie Cheftrainer vun der éischter Jugendekipp ginn, AC Mailand Primavera, déi am eegens fir Jugendteamer gemaachte Primavera-Championnat untrëtt.
An der Nationalmannschaft
ännerenDen Inzaghi hat säin Debut an der italieenescher Nationalekipp den 8. Juni 1997 géint Brasilien.
Mat 25 Goler a 57 Lännermatcher rangéiert hien op der 6. Plaz vun der éiweger "Torschützelëscht" vun Italien.
Spillstil
ännerenDe Filippo Inzaghi gëllt net als groussen Techniker, séiere Sprinter oder physesch staarke Spiller.[3],[4] Säin Defizit u Lafbereetschaft huet den Inzaghi selwer kommentéiert: "Fir ze Lafe sinn anerer do".[5]
Erfolleger
ännerenAls Nationalspiller
ännerenMat senge Veräiner
änneren- Champions-League-Gewënner: 2002/03, 2006/07
- UEFA Super Cup
- UEFA Intertoto Cup: 1999
- Italieenesche Meeschter: 1997/98, 2003/04, 2010/11
- Italieenesche Serie-B-Meeschter: 1994/95
- Italieenesch Coupe: 2002/03
- Italieenesche Supercoupegewënner 2004
- FIFA-Klub-Weltmeeschter: 2007
Individuell Erfolleger
änneren- Meescht Goler an der Serie A: 1996/97
Uerden
ännerenFamill
ännerenDem Filippo säi jonke Brudder Simone Inzaghi war och Foussballspiller.
Um Spaweck
ännerenCommons: Filippo Inzaghi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Inzaghi e' rossonero Archivéiert de(n) 31.10.2014. Gekuckt de(n) 28.05.2014.
- ↑ http://www.acmilan.com/en/news/show/142540
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 28.05.2014.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.06.2012. Gekuckt de(n) 28.05.2014.
- ↑ [1]