Fichier Diskussioun:Mertzig Carrières Gilson 1930.Ar.P.Gilson.jpg

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Joer von MGA73 in Abschnitt Copyright

Copyright änneren

--Zinneke (Diskussioun) 12:49, 12. Abr. 2012 (UTC)Dest Bild ass mei all ewei 70 Joor daat wirr also LizensÄntweren

  Dëst Bild ass an den Domaine public gefall, well de Copyright ausgelaf ass.
No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis datt d'Wierk net méi protegéiert ass.

. Mee ech fannen nik eraus ewou ech

  Dëst Bild ass an den Domaine public gefall, well de Copyright ausgelaf ass.
No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis datt d'Wierk net méi protegéiert ass.

soll hensetzen ? Koennt der mer hellefen weg?


Moien ech hunn se elo mol dra gesat.
Mä d'Fro ass eigentlech net op d'Bild méi wéi 70 Joer huet. Et dréit sech drëms op de Fotograf schonns méi wéi 70 Joer dout ass.
--Les Meloures (Diskussioun) 08:12, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Moien

Ech hunn een gaanzen Koup Biller vun der Madame Paul Gilson + vun Mäerzeg kritt. Ech hunn dei gescannt . Source wirr also Archiv Carrières Gilson. Muss ech bei hirr elo eng schroeftlech Autorisatioun ufroen? Op kengem vun den Fotoen ass een Auteur benannt, daat ass alles aus dem privat Archiv Gilson ? Merci fiir Hellef!

Moien, wann Dir se vun där Dame kritt hutt, geet et duer, unzeginn: "Quell: Archiv Mme Paul Gilson." Mee d'Informatioun, op déi et ukënnt, ass déi vum Auteur (d.h.) dem Fotograf: Deen huet nämlech de Copyright, resp. seng Ierwen, bis zu 70 Joer no sengem Doud. Eréischt dann ass e Wierk am Domaine public, a jidderee kann et fräi benotzen. Vläit steet op der Récksäit vun de Kaarten en Numm (oder op d'mannst en Editeur) an idealerweis e Publikatiounsjoer? Soss, am Fall vun enger Postkaart, wier den Datum um Sempel eng Datéierungshëllef ("publizéiert virun 19.. [dem Datumsstempel]"). --Zinneke (Diskussioun) 11:41, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Remoien,

Vläicht wier dës Lizenz da besser ubruecht---

  Dëst Bild erreecht net déi néideg Schëpfungshéicht fir en auteursrechtleche Schutz an ass domat am Domaine public.



Moien,
Ech gesinn dat esou, wees awer net wéiwäit meng Meenung gedeelt gëtt. Wann ech Fotoen kréien, da sinn virun allem mol gläich meng!
Da setzen ech se op Commons mat "Author unknown" a source "own collection" mat mengem user Numm, eventuel och nach an deem Fall (Archiv Carrières Gilson).
Zu gudder Läescht ginn ech der Foto d'Lizenz {{cc-by-sa-3.0-lu}}, domat ass och de Lëtzebuerger Fändel drop, wat ëmmer ee gudden Androck méecht:-)
Am Allgeméngen: de préférence op 'Commons' setzen, do kënne se gläich fäin kategorisiéiert ginn, si der "Allgeméngheet" liicht zougänglech an ëtt erspuert anere Mataarbechter vill Méih fir se net missen nodréiglech nees op Commons eriwwerzesetzen.
A Merci fir déi flott Mataarbecht. --Jwh (Diskussioun) 11:47, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Ech wëll net méi kathoulesch wéi de Poopscht sinn. Just eng Saach derzou, "weem seng" eng Foto ass: Huele mer emol un, e Schrëftsteller schreift a publizéiert e Buch, a gëtt Iech en Exemplaire. Dir sitt dann de Besëtzer vun deem Exemplaire, hutt awer nach laang net d'Rechter um Buch an dierft dat z.B. nodrécken, wéi dat Iech géif passen. Ausser, den Auteur hätt säi Buch ausdrécklech, wéi dat hei op der Wikipedia de Fall ass, ënner enger fräier Lizenz veröffentlecht. D'selwecht mat Fotoen: E Fotograf bleift den Auteur vun engem Bild, och wann en Iech en Ofzuch dovunner ginn huet. Hien eleng huet d'Recht, ze dezidéieren, ob hie säi Recht drop oftriede wëll, andeems en et ënner fräier Lizenz verëffentlecht (oder Iech d'Negativ gëtt, a seet: Maach dermat wat s de wëlls ;-) ... Hei hu mer al Fotoen, wou kee wees, ween de Fotograf war, deen héchstwarscheinlech e Strapp dout ass, an och kaum een do ass, deen d'Rechter géif reklaméieren. Trotzdeem ass domatter d'Bild nach net "fräi"... Mee ech géif soen, et wier schued, wann et hei net kéinnt den Artikel illustréieren.

Dofir gesinn ech déi hei Schabloun als eenzeg Léisung:


  Dëst Bild ass duerch Auteursrechter geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënner Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Auteursrechter sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni Weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.


Ech soen dofir och Merci fir d'Mataarbecht, dee Mäerzeger Artikel ka sech weise loossen:-) --Zinneke (Diskussioun) 12:49, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Och hei muss ech dem Zinneke Recht ginn, ech hat eigentlech net un e Buch geduecht an och net un eng Foto wou lo 'Cartier-Bresson' dropsteet, mä éischter u Schongkëschtesammlungen, wou den Auteur tatsächlech mir optmannst net bekannt ass.
Mä dat mam 'Buch' spréngt mir scho lang am Kapp ërem, wëll awer d'Benotzer-Säit hei net domat iwwerlueden a trëppelen dofir mol an de Staminee. --Jwh (Diskussioun) 17:29, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Mam "Buch" hat ech an Fong "geschriwwenen Text" gemengt, fir d'Notioun vun "Auteur" an "Droits d'auteur" méi kloer ze maachen. D'Situatioun ass déi selwecht ob Bild oder Text (oder Film oder Musik oder Bild oder Skulptur) ... --Zinneke (Diskussioun) 20:39, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Status in 2020 änneren

User:Zinneke, User:Jwh and User:Les Meloures Hi! Just a follow up.

As I understand it the file is PD in the US because in 1996 the file was PD in Luxembourg. At that time the copyright rules in Luxembourg was that copyright was 50 years for photographic works and if taken in 1930 the copyright expired in 1981. That means the copyright was not restored by the URAA in 1996. See Commons:Template:PD-1996.

The question is if the photo is PD in Luxembourg. It is PD if author died more than 70 years ago or if it is anonymous/unknown photographer.

Do you agree? And does anyone know who took the photo? --MGA73 (Diskussioun) 17:24, 21. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Zréck op de Fichier "Mertzig Carrières Gilson 1930.Ar.P.Gilson.jpg".