Fichier Diskussioun:Allegory of History in Bertholet's Histoire ecclesiastique.jpg

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Fliedermaus

Moien, ech hu mer dës intrigant Szenerie emol méi no ugekuckt fir ze verstoen, ween do alles drop ass.

Haaptfigur schéngt déi mat Flilleken a Lorberkranz ze sinn, déi d'[Geschicht]buch schreift(eng glunge Mëschung aus chrëschtlechen Engel an antiker Gottheet, soit dit en passant). Eng hält d'Charten am Grapp. Ma wie sinn déi zwou aner Dammen: déi, déi kleng Medaillonen an enger Këscht huet, an déi zweet, och mat Fieder, fir ze schreiwen? Am mysteriéiste sinn déi zwéin, déi um Buedem leiden: Eng Zort Pan (wat huet dee mat Geschicht ze dinn?) an dann déi hallefplakeg Jëfferche mat enger Mouk um Geläpps an engem Griffel/Béngel/Zepter/... am Grapp, déi net gléckleg mat hirer Lag ze si schéint. Was will der Autor wohl damit sagen? A wien ass déi Ditt mat der Sandauer um Kapp (firwat um Kapp), déi hannen am Motzeck steet?

--Zinneke (Diskussioun) 16:42, 15. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Moien,

Bei deene "Medaillonen" kéint et sech ëm Siggelstempele handelen.--Fliedermaus (Diskussioun) 18:12, 15. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Zréck op de Fichier "Allegory of History in Bertholet's Histoire ecclesiastique.jpg".