D'Fay Weldon CBE, gebuer den 22. September 1931 zu Alvechurch,am Worcestershire als Franklin Birkinshaw, a gestuerwen de 4. Januar 2023 zu Northampton, am Northamptonshire) war eng brittesch Schrëftstellerin a Feministin. No Texter fir Radio- an Tëleesemissioune koum 1967 hiren éischte Roman The Fat Woman’s Joke eraus. An hire meeschte Romaner sti weiblech Haaptfiguren am Mëttelpunkt déi sech an engem patriarchaleschen Ëmfeld duerchschloe mussen. Vun hiren iwwer 30 Romaner[1] goufen der e puer verfilmt, dorënnerThe Life and Loves of a She-Devil mat der Roseanne Barr. Si huet och Kuerzgeschichten an iwwwer 50 Dréibicher geschriwwen, souwéi Magazins- an Zeitungsartikelen. 2002 koum hir Autobiographie mam Titel Auto de Fay eraus.

Fay Weldon
Gebuertsnumm Franklin Birkinshaw
Gebuer 22. September 1931
Birmingham
Gestuerwen 4. Januar 2023
Northampton
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun South Hampstead High School
Aktivitéit Schrëftsteller, Aktivist, Dréibuchauteur, Autobiograph, Publizist, Journalist
Member vun Royal Society of Literature

Wierker (Auswiel) änneren

  • The Fat Woman's Joke (1967)
  • Down Among the Women (1971)
  • Female Friends (1975)
  • Remember Me (1976)
  • Little Sisters (1977)
  • Praxis (1978)
  • Puffball (1980)
  • The President's Child (1982)
  • The Life and Loves of a She-Devil (1983)
  • Letters to Alice: On First Reading Jane Austen (1984)
  • The Shrapnel Academy (1986)
  • The Heart of the Country (1987)
  • The Hearts and Lives of Men (1987)
  • Leader of the Band (1988)
  • The Cloning of Joanna May (1989)
  • Darcy's Utopia (1990)
  • Affliction (1994)
  • Growing Rich (1992)
  • Life Force (1992)
  • Splitting (1995)
  • Worst Fears (1996)
  • Big Women (1997)
  • My Mother said (1998)
  • Rhode Island Blues (2000)
  • The Bulgari Connection (2001)
  • Mantrapped (2004)
  • She May Not Leave (2006)
  • The Spa Decameron (2007)
  • The Stepmother's Diary (2008)
  • Chalcot Crescent (2009)

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fay Weldon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fay Weldon: The Life and Loves of a She-Devil author dies aged 91. bbc.com, 2023-01-04.