D'Falcon 1 war eng zweestufeg Drorakéit, déi vun der Firma SpaceX entwéckelt gouf. Den éischte Start vun enger Falcon 1 war de 24. Mäerz 2006 vun der Insel Omelek am Pazifik, war awer kuerz dono mat engem Ofstuerz vun der Rakéit um Enn. Eréischt de véierte Fluch vum 28. September 2008 war erfollegräich, de fënefte Fluch vum 14. Juli 2009 hat eng kommerziell Notzlaascht an de Weltraum bruecht. D'Falcon 1 war soumat déi éischt privat entwéckelt Rakéit, déi Notzlaaschten an e stabilen Äerdorbit transportéiere konnt. Weider Starte goufe keng gemaach, d'Weiderentwécklung zum Typ Falcon 1e an zu der Falcon 5 gouf vun SpaceX ausgesat, fir sech op Falcon 9 ze konzentréieren.

Start vun enger Falcon 1 iwwer Omelek Island den 13. Juli 2009, 16:15 (PDT)

Geschicht änneren

 
Falcon 1 an enger Wierkshall
 
Falcon 1 op der Startplattform zu Vandenberg AFB

Déi 90 Milliounen US-Dollar Entwécklungskäschte vun der Falcon 1 goufen net wéi normal ëffentlech, mä privat finanzéiert. Déi béid Éischtstarts vun der Rakéit goufen allerdéngs vum US-Verdeedegungsministère gebucht, fir nei an den USA fabrizéiert Drorakéiten fir d'Agentur DARPA z'erprouwen.

 
Éischten erfollegräiche Start vun der Falcon 1

D'Falcon 1 war de liichtsten Dréier vun der Falcon-Famill. Op der Grondlag vun der Falcon 1 gouf spéider déi vill méi staark Falcon 9 entwéckelt.

Technik änneren

D'Falcon 1 war eng zweestufeg, mat flëssegem Sauerstoff a Rakéitekerosin (RP-1) ugedriwwe Rakéit. D'Rakéit sollt zu 80 % recycléierbar sinn an e Fluch an eng niddreg Äerdëmlafbunn fir 6,7 Milliounen Dollar erméiglechen. Dozou sollt déi éischt Stuf vun der Falcon 1 mat Hëllef vu Fallschiermer op d'Äerd zeréckbruecht ginn, wou si no enger Inspektioun fir de nächste Start zur Dispositioun stoe sollt. Leider gouf bei de fënnef Flich kee Versuch fir eng Biergung ënnerholl. Déi zweet Stuf vun der Rakéit war net méi ze fannen.

D'Längt vun der Falcon 1 war 21,3 m, den Duerchmiesser 1,7 m, d'Startgewiicht 27.200 kg. Dat vu SpaceX selwer entwéckelt Merlin-Dreifwierk hat beim Start e Schub vun 318 kN. Déi éischt Stuf hat eng Brenndauer vun 169 Sekonnen an hat d'Rakéit op eng Héicht vun 90,3 km bruecht. Fënnef Sekonnen no der Stufentrennung hat déi zweet Stuf gezünnt, déi dann no 552 Sekonnen ausgebrannt war an d'Rakéit op eng Héicht vun zirka 405 km brénge konnt. Och dat Kestrel-Dreifwierk vun der zweeter Stuf gouf vun SpaceX entwéckelt. Déi maximal Notzlaascht war 670 kg, déi an eng Ëmlafsbunn mat 200 km Héicht bei engem Start vu Cape Canaveral bruecht konnt ginn. Déi maximal Héicht bei engem direkten Aussetzen vum Transportmëttel war 700 km bei 240 kg a gläicher Startplaz.

Asätz änneren

Ufanks war den éischte Start vun der Falcon 1 fir September 2004 geplangt, ass awer méifach verréckelt ginn. Och der éischte, fest agesate Startversuch de 26. November 2005 hat misse wéinst technesche Problemer verréckelt ginn. Den nächste Startversuch vum 19. Dezember 2005 hat kuerz virum Ofhiewe wéinst von Schied am Dreifstofftank vun der éischter Stuf ofgesot misse ginn. Dorophin sollt d'Rakéit den 9. Februar 2006 starten, wat dann och nees verréckelt gouf.

De Start war dann de 24. Mäerz 2006 um 22:30 Auer UTC, a gouf mat engem Crash vun der Rakéit beennd. No éischten Analyse war e Lach am Dreifstoffsystem d'Ursaach fir den Ofstuerz. D'Rakéit war plangméisseg, bei T+25s (25 Sekonnen nom Zünde vum Haaptdreifwierk) gestart. Spéider hat sech erausgetallt, datt e Feeler wärend der Virbereedung vun der Rakéit fir d'Dreifstofflach verantwortlech war. Bei hirem éischte Fluch hat d'Rakéit de militäreschen Mikrosatellit FalconSat-2 fir d'US Air Force a fir d'DARPA u Bord, déi 8 Milliounen US-Dollar fir de Start bezuelt haten.[1]

Den zweete Fluch hat keng Satellitenotzlaascht, mä nëmmen Instrumenter fir d'Iwwerwaache vun der Rakéit. Dëse Fluch war den 21. Mäerz 2007, hei hat déi zweet Stuf e Problem a konnt d'Ëmlafbunn net erreechen. Trotz de Problemer hat SpaceX den zweete Fluch als erfollegräichen Testfluch ugesinn a war bereet, de kommerzielle Betrib opzehuelen.[2]

Beim drëtte Fluch am Januar 2008 sollt d'Rakéit als Haaptnotzlaascht den US-amerikanesche Militärsatellit TacSat 1 an d'Äerdëmlafbunn transportéieren, dee war awer duerch déi dacks Startverrécklungen an der Tëschenzäit ze al ginn a gouf net op dësem Fluch gestart. Amplaz gouf de Start vun den dräi experimentelle Satellitten Trailblazer, NanoSail-D an PreSat souwéi e Weltraumbegriefnes op dësem Fluch duerchgefouert.[3] Et koum awer zu enger Kollisioun vun de béide Stufen wärend der Stufentrennung an zum Enn zu einem Versoe vun der Uewerstuf.

De véierte Fluch vum 28. September 2008 hat eng 170 kg schwéier Aluminium-Notzlaaschtattrapp erfollegräich an eng 644 mol 621 Kilometer héich Ëmlafbunn bruecht. Et war domat den éischte private Satellittentransport vun enger Flëssegkeetsrakéit.[4]

De fënnefte Fluch vum 14. Juli 2009 hat erfollegräich den 180 kg schwéiere malayseschen Äerdobservatiounssatellit RazakSat an eng Äerdëmlafbunn transportéiert.[5]

Falcon 1e änneren

Nom éischte kommerziell erfollegräiche Start hat SpaceX de 6. August 2009 bekannt ginn, datt d'Falcon 1 duerch d'Falcon 1e ersat géif ginn an hiren éischte Start fir Enn 2010 sollt sinn. D'Versioun 1e sollt méi eng grouss Notzlaaschtverkleedung hunn.

Am Januar 2011 hat SpaceX beschloss, d'Entwécklung vun der Falcon 1e anzestellen an déi verbleiwend Opträg op fräi Kapazitéite vun der Falcon 9 ëmzebuchen.

Technesch Daten änneren

Version Falcon 1 Falcon 1e
Éischt Stuf 1 × Merlin-1 1 × Merlin-1D
Zweet Stuf 1 × Kestrel 2 1 × Kestrel 2
Héicht (maximal) (m) 23,8 27,4
Duerchmiesser (m) 1,7 1,7
Schub (um Buedem) (kN) 345 zirka 622[6]
Startmass (t) 27,670 44,985
Nutzlastverkleidung
Duerchmiesser (m)
1,5 1,71
Notzlaascht (LEO) (kg) 420
(och Flch no SSO
mat liichter Notzlaascht méiglech)
1100
(no SSO: 550)
Notzlaascht (GTO) (kg) - -
Präis (Mio. US-Dollar) 7,9 9,1

Startlëscht änneren

Dëst ass eng vollstänneg Startlëscht vun der Rakéit Falcon 1. Stand vun der Lëscht: 4. Mäerz 2013.

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Notzlaascht a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkungen
1 24. Mäerz 2006 Falcon 1 Omelek FalconSat-2 Technologieerproufsatellit 21 kg LEO Mësserfolleg
Feeler an der 1. Stuf, Ofstuerz vun der Rakéit
2 21. Mäerz 2007 Falcon 1 Omelek DemoSat Demonstratiounsnotzlaascht k. A. LEO Mësserfolleg
Feeler an der 2. Stuf. Rakéit erreecht 289 km Héicht an eng Vitess vu 5,1 km/s

Gëtt vu SpaceX selwer als Deelerfolleg bezeechent, well ee genuch Date fir operationell Flich sammele konnt.

3 3. August 2008 Falcon 1 Omelek Trailblazer, NanoSail-D, PreSat, Celestis 07 Technologieerprouwung, Sonnesegel, Technologieerprouwung, Weltraumbegriefnes 170 kg LEO Mësserfolleg
Kollisioun vun éischter an zweeter Stuf, dorophin Versoe vun der 2. Stuf
4 28. September 2008 Falcon 1 Omelek DemoSat Demonstratiounsnotzlaascht 165 kg LEO Erfolleg
5 14. Juli 2009 Falcon 1 Omelek RazakSAT Äerdobservatiounssatellit ~180 kg LEO Erfolleg

¹ Bruttogewiicht, d. h. Mass vun der Notzlaascht inklusiv Adapter, Gehäis asw.

² Net zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht – mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat sollt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Falcon 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Pad Processing Error Doomed Falcon 1
  2. SpaceX gives update on Falcon test flight results, 28. Mäerz 2007
  3. Spacetoday.net: Report: Pentagon cancels TacSat-1 launch (18. August 2007)
  4. Spiegel.de: Privatrakete "Falcon 1" endlich im All
  5. Spaceflight Now: Commercial launch of SpaceX Falcon 1 rocket a success
  6. http://www.bernd-leitenberger.de/falcon9.shtml Bernd Leitenberger: Die Falcon 9, Gekuckt: 23. Mee 2012