Fabrique d'images

lëtzebuergesch Firma déi Animatiounsfilmer produzéiert

Fabrique d'images ass eng lëtzebuergesch Firma déi Animatiounsfilmer produzéiert. Si gouf 2002 vun de Graphikdesignere Christine Parisse a Jean-Marie Musique gegrënnt.[1]

Fabrique d'images SA
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 2002
Sëtz Déifferdeng, Lëtzebuerg
Branche Animatiounsfilmer
Produit Filmindustrie
Homepage fabrique-d-images.com

Struktur a Geschicht änneren

D'Entreprise huet hiren eegene Studio mam Numm The Picture Factory mat 70 Persounen, déi 2D- an 3D-Antimatiounen erstellen. De Studio deckt eng ganz Rëtsch vun Aufgaben of, vum Design iwwer Storyboarding, d'Animatioun, de Compositing an de Schnëtt.

2013 huet sech dat franséische Verlagshaus Bayard & Milan an d'Kapital vu Fabrique d'images akaaft,[2] déi domat d'Rechter krut fir deenen hir Comicfigure fir de Fernsee ze adaptéieren, wéi zum Beispill d'Kannerserie ëm de Polo.[3] A Kooperatioun mat Bayard Jeunesse Animation produzéiert Fabrique d'images och Serien, Filmer an digital Medien.[4]

Produktiounen änneren

Animatiounsfilmer (Auswiel) änneren

Animatiounsserien (Auswiel) änneren

  • 2010: Grenadine & Peppermint
  • 2010: The Little Prince (Staffel 1 and 2)
  • 2013: Robin Hood: Mischief in Sherwood
  • 2014: Polo (Staffel 1 and 2)
  • 2016: Bible, les récits fondateurs
  • 2016: Ziggy and the Zoo Tram (Staffel 1)
  • 2020: Henrietta

Kuckt och änneren

  • Mélusine Productions, eng aner lëtzebuergesch Filmgesellschaft, déi op Animatiounsfilmer spezialiséiert ass

Referenzen änneren

  1. Presentatioun op 1535.lu
  2. groupebayard.com: Notre histoire (gekuckt de 4. Juli 2022)
  3. chronicle.lu: Luxembourg's Fabrique d'images Presents Polo Cross-Media Case Study at Cartoon Digital Conference (4. Dezember 2015)
  4. Presseheft vum Film "Ooops! Die Arche ist weg..." (Däitschland)