De Friedrich Karl Waechter, bekannt als F. K. Waechter, gebuer den 3. November 1937 zu Danzeg, gestuerwen de 15. September 2005 zu Frankfurt am Main, war en däitsche satiresche Schrëftsteller a Graphiker.

F. K. Waechter
Gebuer 3. November 1937
Gdańsk
Gestuerwen 16. September 2005
Frankfurt am Main
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Karikaturist, Dichter, Moler, Schrëftsteller, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Illustrateur, Zeechner, Comicauteur
Monster-Eechen
Struwwelpeter

Den F. K. Waechter ass als Jong vun engem Schoulmeeschter zu Danzeg (haut: Gdansk) gebuer. 1945 ass e mat senger Famill a Schleswig-Holstein fortgelaf. Hien huet zu Hamburg Konscht studéiert an duerno zu Freiburg im Breisgau an enger Publicitéitsagence geschafft. 1962 ass en op Frankfurt geplënnert an huet huet do de Robert Gernhardt, de Clodwig Poth an de Fritz Weigle (alias F. W. Bernstein) kenne geléiert a mat hinnen déi sougenannt Neue Frankfurter Schule gegrënnt, déi an de spéiden 1960er an uganks 1970er Joren an Däitschland nei Moossstief fir Satir an hannersënnege Nonsense gesat hunn.

Den F.K. Waechter huet bei den Zäitschrëften "Pardon" a "Konkret" matgeschafft an d'Satirzäitschrëft "Titanic" mat gegrënnt. Grousse Succès hat e mat antiautoritäre Kannerbicher (z. B. Der Anti-Struwwelpeter) an Theaterstécker.

De F.W. ass 2005 zu Frankfurt, no laanger schwéierer Krankheet verscheed.

Säi lescht Wierk, Prinz Hamlet koum am Abrëll 2005 eraus, et ass eng Shakespeare-Kommentéierung aus der Siicht vum Kasperle a vum Bier.

Noriff änneren

  • "Wann wird es sich bei unseren Nachbarn herumsprechen, daß, wer über deutsche Komik mitreden will, nicht von Waechter schweigen kann?", freet de Robert Gernhardt am Noruff an der Welt am Sonntag vum 18. September.
  • "... und wer seine Federzeichnungen sieht, kann nicht daran zweifeln, daß hier ein graphisches Genie am Werk war." - Aus dem Noruff vun der FAZ.

Säi Wierk änneren

  • Ich bin der Größte, 1966 (Frankfurt am Main: Bärmeier & Nikel)
  • Die Wahrheit über Arnold Hau, 1966 (mam F.W. Bernstein a Robert Gernhardt).
  • Der kleine Zweckermann, 1969 (Frankfurt am Main: Bärmeier & Nikel)
  • Der Anti-Struwwelpeter, 1970
  • Die Kronenklauer, 1972 (Text zesumme mam Bernd Eilert)
  • Tischlein deck dich und Knüppel aus dem Sack, 1972 (Untertitel: Ein neues Märchen)
  • Brülle ich zum Fenster raus, 1973 (Kannerollespiller mat Lidder)
  • Wir können noch viel zusammen machen, 1973 (Billerbuch)
  • So dumm waren die Hebräer, 1973
  • Das Ungeheuer-Spiel, 1975
  • Opa Huckes Mitmach-Kabinett, 1976
  • Die Bauern im Brunnen, 1978
  • Wahrscheinlich guckt wieder kein Schwein, 1978
  • Kiebich und Dutz, 1979
  • Die Reise, 1980 (Untertitel: Eine schrecklich schöne Bildergeschichte)
  • Es lebe die Freihei, 1981
  • Fühlmäuse, 1981 (Spiele und Bilder zum Mitmachen)
  • Wer kommt mit auf die Lofoten?, 1982
  • Das Grundgesetz für die Bundesrepublik Deutschland, 1982
  • Männer auf verlorenem Posten, 1983
  • Nur den Kopf nicht hängen lassen, 1983
  • Der rote Wolf, 1998
  • Die Schöpfung, 2002
  • Der Teufel mit den drei goldenen Haaren, Lauschterspill no de Mäerercher vun de Bridder Grimm

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: F. K. Waechter – Biller, Videoen oder Audiodateien