Fënneft Republik
D'Fënneft Republik (fr: Cinquième République) ass de republikanesche Regime, deen a Frankräich zanter dem 5. Oktober 1958 a Kraaft ass. Si ass d'Nofollgerin vun der Véierter Republik, déi 1946 agefouert gi war.
Geschicht
ännerenWéi de Charles de Gaulle den 1. Juni 1958 Président du Conseil gouf, huet hien eng Ekipp ënner der Leedung vum Michel Debré op d'Bee gesat fir e Projet fir eng nei Constitutioun auszeschaffen. Dee Projet gouf den 28. September 1958 iwwer e Referendum ugeholl a gouf d'Constitutioun vum 4. Oktober 1958, och nach Constitutioun vun der Fënnefter Republik genannt.
D'Institutioune vun der Fënnefter Republik si sou ausgeriicht, datt de President am Prinzip op eng zolidd Majoritéit an der Assemblée nationale ziele kann. Et goung dem Charles de Gaulle drëms, d'Klengkréimerei vun de (ville) Parteien z'ëmgoen an d'politesch Onstabilitéit, déi di Véiert Republik besonnesch staark markéiert hat, am Kontext vum kale Krich, vun der Dekolonisatioun a vun der europäescher Integratioun z'iwwerwannen.
Et ass awer munnechmol anescht komm, wéi erhofft, an de President, deen net méi op eng eege Majoritéit am Parlament ziele konnt, huet eng feindlech Regierung missen zouloossen an asetzen. Sou Fäll gi Cohabitatioun genannt. Et gouf där bis elo dräi an der Zäit vun der Fënnefter Republik, zwou ënner dem François Mitterrand an eng ënner dem Jacques Chirac.
Bis 2002 war d'Mandatsdauer vum Presidentenamt 7 Joer. Vun do u gëtt de President zanter der konstitutioneller Reform aus dem Joer 2000 nëmmen nach fir 5 Joer gewielt an en däerf eemol zeréckgewielt ginn.
Presidente vun der Fënnefter Republik
ännerenNumm | Liewen | Mandat |
---|---|---|
Charles de Gaulle | 1890-1970 | 1959-1969 |
Alain Poher (interim) | 1909-1996 | 1969 |
Georges Pompidou | 1911-1974 | 1969-1974 |
Alain Poher (interim) | 1909-1996 | 1974 |
Valéry Giscard d'Estaing | 1926- | 1974-1981 |
François Mitterrand | 1916-1996 | 1981-1995 |
Jacques Chirac | 1932- | 1995-2007 |
Nicolas Sarkozy | 1955- | 2007-2012 |
François Hollande | 1954- | 2012-2017 |
Emmanuel Macron | 1977- | 2017 -haut |
Literatur
änneren- Alain Duhamel, Une histoire personnelle de la Ve République; Paräis (Plon), 2014.
- Édouard Balladur & Alain Duhamel, Grandeur, déclin et destin de la Ve République - Un dialogue; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2017.