Fédération luxembourgeoise des arts martiaux

Verband vun de Kampfsportveräiner zu Lëtzebuerg

D'Fédération luxembourgeoise des arts martiaux, gekierzt FLAM, ass den nationale Verband vun de Kampfsportveräiner zu Lëtzebuerg.

Fédération luxembourgeoise des arts martiaux
Ofkierzung FLAM
Grënnungsdatum 22. Oktober 1952
(Asbl 2. August 2006)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Strassen
President Serge Schaul
Websäit http://www.flam.lu/

D'FLAM ass den 22. Oktober 1952 als Fédération luxembourgeoise de judo et de jiu-jitsu gegrënnt an den 2. August 2006 als Asbl registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL.

Den Hall national des arts martiaux ass am Reckendall zu Stroossen.

Geschicht änneren

  • D'Fédération luxembourgeoise de judo et de jiu-jitsu gouf den 22. Oktober 1952 vun dräi Judo-Clibb (Judo-Club Luxembourg, Club de judo Asahi-Dojo, Judo Club Luxembourg-Limpertsberg) aus der Stad gegrënnt an am Joer drop, de 6. Mee 1953 ass se definitiv e Member vum COSL ginn.
  • D'Karate-Sektioun gouf den 3. Oktober 1968 gegrënnt.
  • Den Aikido gouf den 19. November 1970 virleefeg an op der Generalversammlung vum 21. Mäerz 1971 definitiv an d'Federatioun opgeholl.
  • Den 9. Februar 1972 huet de Verband säin Numm op Fédération luxembourgeoise de judo et des disciplines associées g'ännert.
  • Den 20. November 1978 krut d'Federatioun vum Ministère den Agrément fir d'Disziplinne Judo, Karate an Aikido ze reegelen; d'Federatioun krut de Status als Utilité publique
  • Den Taekwondo ass den 30. Abrëll 1981 als nei Disziplin ugeholl ginn.
  • Am November 1985 huet sech de Verband a Fédération luxembourgeoise de judo, karaté et arts martiaux associés ëmgenannt.
  • 1988 koum de Kung Fu als nei Disziplin bäi.
  • Fir allen Disziplinne Rechnung ze droen, ass am Februar 1990 den haitegen Numm Fédération luxembourgeoise des arts martiaux (FLAM) agefouert ginn
  • 1992 goufen dräi nei Disziplinnen zougelooss: Selbstverdeedegung, Savat (just fir ee Joer) a Kendo.
  • 1993 gouf Yoseikan Budo zougelooss.
  • An den 2010er Jore koumen nach follgend Disziplinne bäi:

Organisatioun änneren

Presidenten änneren

De President vun der FLAM ass zënter 2018 de Serge Schaul.

Fréier Presidenten änneren

  • 1952-1953: Félix Arend
  • 1953-1954: Robert Widong
  • 1954-1958: Félix Arend
  • 1958-1959: Nic. Kneip
  • 1959-1988: Albert Conter
  • 1988-1998: Martin Resch
  • 998-2014: Roland Lenert
  • 2014-2018: Fred Bertinelli

Membere vun der FLAM änneren

Et si wäit iwwer honnert Veräiner bei der FLAM affiliéiert. Eng komplett Lëscht fënnt een op der Internetsäit vun der Federatioun.

Um Spaweck änneren


Referenzen an Notten änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F3797 agedroen