Fédération de squash luxembourgeoise

nationale Verband vun de Squashveräiner zu Lëtzebuerg
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fédération de squash luxembourgeoise, gekierzt FSL, ass den nationale Verband vun de Squashveräiner zu Lëtzebuerg.

Fédération de squash luxembourgeoise
Ofkierzung FSL
Grënnungsdatum 1973
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Guillaume Plancke
Websäit http://www.fsl.lu/

Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der European Squash Rackets Federation (ESRF) an der World Squash Federation (WSF)[1].

Geschicht[1] änneren

De Squash ass zu Lëtzebuerg an den 1960er Jore bekannt ginn, absënns duerch e puer Lëtzebuerger Perséinlechkeete wéi der Colette Flesch an dem Marc Meyer, déi d'Sportaart an den USA entdeckt haten.

Den éischte Squash-Court gouf an engem Lager um Findel ageriicht, et gouf e Club gegrënnt an den Terrain ass 1972 ageweit ginn. Déi nei Sportaart huet sech séier etabléiert a mat enger staarker brittescher Ënnerstëtzung gouf en neie Club, de Squash d'Or, gegrënnt an et si véier Terrainen op der Cloche d'or gebaut ginn.

D'FSL ass 1973 gegrënnt[1] an den 10. Juni 1980 als Asbl registréiert ginn[2].

Organisatioun änneren

Presidenten[1] änneren

  • 1973-1981: Marc Meyer
  • 1981-1983: Dermott Mackeever
  • 1983-1985: Chris Clarke
  • 1985-1989: John Senior
  • 1989-2010: Georges Kieffer
  • 2010-2015: Steve Kaiser
  • 2015-2016: Jess Have
  • 2016-2020: Adriano Bidoli
  • 2020-2023: Daniel Verhoeven
  • zanter 2023: Guillaume Plancke

Um Spaweck änneren

Commons: Fédération de squash luxembourgeoise – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 (en)FSL. Fédération de Squash Luxembourgeoise (2005-08-17). Gekuckt de(n) 2023-12-14.
  2. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F1848 agedroen