Ezio Pinza

italieenesche Sänger

Den Ezio Pinza, gebuer den 18. Mee 1892 zu Roum a gestuerwen den 9. Mee 1957 zu Stamford an den USA, war en italieenesche Basssänger.

Ezio Pinza
Gebuertsnumm Ezio Fortunato Pinza
Gebuer 18. Mee 1892
Roum
Gestuerwen 9. Mee 1957
Stamford
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Operesänger, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

Säi Liewen änneren

De Pinza sollt eng Carrière als Velosportler machen. Mä hien huet sech et anescht iwwerluecht an ass op Bologna an de Conservatoire bei den Alessandro Vezzani gaangen, fir seng Stëmm ausbilden ze loossen. Säin éischten Optrëtt op der Bün war 1914 zu Soncino als Oroveso an der Oper Norma. Nom Éischte Weltkrich koum hien 1922 zu Roum an dem Teatro alla Scale grouss eraus, wou hien enner dem Arturo Toscanini de Ramphis an der Aida, de Raimondo an der Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vun 1926 bis 1949 séngt hien am Metropolitan Opera House zu New York. Do séngt hien all grouss italieenesch Bassrollen an de Boris Godunov.

1949 sicht hien no eppes Neies. He geet op de Broadway fir Musicalen ze sangen.

An de spéidere Jore war de Pinza, dee säi Liewe laang käergesond war, mam Häerz geplot.

Bei sengem Begriefnes huet d'Eleanor Steber den Ave Maria aus dem Giuseppe Verdi sengem Otello gesongen.

Säi Gesang änneren

Den Ezio Pinza hat ni geléiert Noute vum Blat ze liesen, an a senger Autobiographie erzielt hien, wéi de Rogers him e puer Melodien aus dem South Pacific um Piano virgespillt huet. Mä hie war deen, deen d'Missa Solemnis ënner dem Toscanini gesongen huet, Mozart ënner dem Bruno Walter an déi gréisst Richard Wagner Rollen an der Scala.

Wat sote Kritiker iwwer de Pinza änneren

  • Den John B. Steane, de grousse Gesangsstëmmekenner schreift iwwer dem Pinza seng Stëmm: ..the mellow fruitfullness of Pinza's tone, the richness of his colouring, the sturdiness of its growth nad the strength of its flavour..
  • De Jürgen Kesting rechent de Pinza zu den "zwei Jahrhundertbässe", den aneren ass den Alexander Kipnis. "Wer Ezio Pinza nie gehört hat, weiß nichts von der dunklen, sonoren Pracht einer perfekt geführten italienischen Bass-Stimme...."

Wat soll ee lauschteren? änneren

  • Déi wichtegst Tounopnam ass den Don Giovanni vun de Salzburger Festspiele vun 1937 dirigéiert vum Bruno Walter

Literatur änneren

Dem Pinza seng Autobiographie koum 1977 zu New York eraus. Ezio Pinza. An Autobiography

Kuckt och änneren

Lëscht vu Sängerinnen a Sänger (Klassesch Musek)