Den Explorer 4 war e Satellit vum Explorer-Programm vun der NASA. E gouf de 26. Juli 1958 mat enger Juno I-Rakéit an eng Ëmlafbunn transportéiert. D'Aarbechtsgrupp ëm den James Van Allen hat de Satellit mat Moossinstrumenter gefëllt, déi detailléiert Miessunge vu geluedenen Deelercher (Protonen an Elektronen) am Magnéitfeld vun der Äerd erméiglecht hunn. D'Defense Advanced Research Projects Agency (DARPA) vum amerikaneschen Arméisministère huet de Satellit fir d'Erfuersche vun der Van-Allen-Ceinture an d'Auswierkunge vun Nuklearexplosiounen op d'Ceinture souwéi och op d'Magnéitosphär vun der Äerd benotzt. D'Telemetrie vum Satellit huet déi dräi Atombommentester vun der Operatioun Argus analyséiert.[1] D'Missioun gouf sechs Méint laang virun der Ëffentlechkeet geheim gehalen.

Explorer 4
De Fuerschungssatellit Explorer 4
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur Army Ballistic Missile Agency
Wierk Jet Propulsion Laboratory
Apogeum 2213 km
Perigeum 263 km
Bunnschréi 50,3°
Mass 25é5 kg
Bunn-Ëmlafzäit 110,2 min
Exzentrizitéit 0.1279
Start 26. Juli 1958
Startplaz Cape Canaveral
Drorakéit Juno I
Status war 454 Deeg a Betrib, ass dono vergloust

D'Interpretatioun vun den Date gouf wéinst onerwaartem Trëndele vum Satellit erschwéiert. Déi Lescht Signaler goufen de 5. Oktober 1958 gesent. No 454 Deeg am Orbit ass den Explorer 4 den 23. Oktober 1959 an der Äerdatmosphär vergloust.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Informationen zum Charged Particle Detector-Experiment