D'Evika Siliņa, gebuer den 3. August 1975 zu Riga, an der deemools Lettescher SSR an der Sowjetunioun, ass eng lettesch Politikerin vun der liberal-konservativer Partei Vienotība. Zanter dem 15. September 2023 ass si Ministerpresidentin vu Lettland.

Evika Siliņa
Gebuer 3. August 1975
Rīga
Nationalitéit Lettland
Aktivitéit Politiker, Jurist
Partei Vienotība

Carrière änneren

Si huet op der Universitéit vu Lettland an op der Riga Graduate School of Law vun 1993 bis 1997 Droit studéiert an dee Studium mat engem Master a Sozialwëssenschaft an Droit ofgeschloss. Vun 2003 bis 2012 war si Affekotin. Tëscht 2013 an 2019 war si Staatssekretärin am Inneministère a vun 2019 bis 2022 Staatssekretärin beim Ministerpresident an der Regierung vum Krišjānis Kariņš II.

Bei de Parlamentswalen 2022 gouf si als Deputéiert vun der Partei Vienotība an d'Saeima, dat lettescht Parlament, gewielt. De 14. Dezember 2022 gouf si als Sozialministesch ernannt.

Nom Kariņš sengem Récktrëtt als Ministerpresident gouf si de 15. September 2023 vun der Saeima als deem seng Nofollgerin gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Evika Siliņa – Biller, Videoen oder Audiodateien