Everyday Zulu

lëtzebuergersch Museksgrupp

Everyday Zulu war eng Lëtzebuerger Museksgrupp, déi 1992 gegrënnt gouf an 2003 hiren Numm a Clanrock ëmgeännert huet.

Everyday Zulu
Everyday Zulu (1998)
Museksgenre Folk, Keltesche Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1992 (als Everyday Zulu)
2003 (als Clanrock)
Trennung 2016
Websäit Facebook
Memberen

Ender Thilges (Gittar, 1992-2016)
Claude Kiefer (Gittar, 1992-)
Fern Clees (Mondharmonika, 1992-)
Al Werner (Keyboard, 1992-2016)
Ender Frings (Gesank)
Dan Thurmes (Bass, 1992-)
Steve Troes (Batterie, 1992-)
Michel Weis (Batterie, 1995-2009)
Pit Vinkowsky (Duddelsak, 1997-2016)
Mario Bruns (Gesank, 1997-2016)
Ronny Mullenders (Bass 1997-2001)
Max Frantzen (Bass, 2001-2016)
René Portante (Batterie, 2010-2016)
Oliver Kayser (Duddelsak, 2010-2012)

Chris Reitz (elektresch Gei, 2012-2016)

D'Geschicht vun Everyday Zulu änneren

Am Januar 1992 huet de Gittarist Aender Thilges, e fréiere Member vun der legendärer Lëtzebuerger Rockgrupp Nazz Nazz ëm de Frontmann Thierry van Werveke, eng nei Band ugefaangen. E puer Membere vun Nazz Nazz hu matgemaach, sou z. B. de Claude Kiefer (Gittar) an den Fern Clees (Mondharmonika). Dobäi koumen den Al Werner (Keyboard), den Ender Frings (Gesang), den Dan Thurmes (Bass) an de Steve Troes (Batterie). Alleguer gutt bekannte Museker aus der deemoleger Lëtzebuerger Musekszeen.

D'Grupp war dunn 1993 op Tour an der Tschechescher Republik. Déi éischt CD koum am Abrëll 1994 mam Titel Touch the Earth eraus. Relativ séier sinn dunn awer verschidde Memberen ofgesprongen an d'Besetzung huet sech geännert. Nei Membere koumen dobäi an vun 1995-1996 u gouf mat follgende Leit gespillt:

  • Ender Thilges, (Gittar)
  • Al Werner (Keys)
  • Michel Weis (Batterie)
  • Pit Vinkowsky (Duddelsak)
  • Mario Bruns (Gesank)
  • Ronny Mullenders (Bass)

De Pit Vinkowsky huet dunn d'Band op de Wee vum Folk bruecht. Vum Joer 1998 un sinn dann déi verschidden Elementer aus Rock, Folk, Celtic Rock, Heavy Metal verschmolz an hunn zum typesche Klangbild gefouert, dat dunn de Sound vu Clanrock ausgemaach huet.

Am Joer 1999 koum dann den Album Welcome to My Kingdom eraus, deen och d'Basis war fir e Videoclip op d'Stéck Apeman.

D'Joer drop huet Band et fäerdeg bruecht, een Top-5-Hit um lokale Radiosender RTL ze landen, an zwar mam Stéck Den Essegkrou. D'Lidd war wärend 12 Wochen an den Top Ten vun den Charts vertrueden. Eng Leeschtung, déi keng aner lëtzebuergesch Band virdru fäerdeg bruecht hat. De follgenden Album The Colour Tracks, deen eng Oplag vun 1.500 CDen hat, war banne véiert Méint ausverkaaft.

Musek vun Everyday Zulu gouf fir verschidde Reklamme benotzt, wei z. B. fir de Pub-Spot vum Lëtzebuerger Land, deen op der Expo 2000 zu Hannover gewise gouf. Verschidden Optrëtter an der lokaler Tëlee gouf et och.

Am Joer 2001 huet de Ronni Mullenders Everyday Zulu verlooss a gouf mam jonke Bassist Max Frantzen ersat .

2002 si se beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Am Joer 2003 gouf en däitsche Label Nibelung Records op d'Band opmierksam an huet Everyday Zulu ënner Vertrag geholl. Aus kommerzielle Grënn gouf d'Band gefrot fir den Numm Everyday Zulu z'änneren. Dat war dann d'Grënnung vu Clanrock.

Ënnert deem Numm huet d'Grupp d'Albumen Out of Ashes (2004) a Flight of the Phoenix (2007) erausbruecht.

2010 koum en neien Drummer, de René, an en zweeten Duddelsakspiller, den Oliver Kayser dobäi.

Déi lescht Verëffentlechung vu Clanrock war d'EP Burn the Plague am Joer 2014.

Den 31. Januar 2016 hu Clanrock iwwer hir offiziell Facebooksäit bekannt ginn, datt si eng onbegrenzt Paus géife maachen, well d'Museker nei musikalesch Weeër wéilte goen. D'Grupp ass net aus där Paus erëmkomm.

Iwwer all déi Joren huet Everyday Zulu, respektiv Clanrock, mat follgende Gruppe gespillt: Molly Hatchet, Stan Webb, Be Sharp, Living Blues, Roger Chapman, Savoy Brown, Steppenwolf, Schandmaul, Fury in the Slaughterhouse, Company of the Snakes, Holy Moses, Pink Cream 69, In Extremo, Uriah Heep, Barclay James Harvest, Asia, an nach méi.

Diskografie änneren

Als Everyday Zulu änneren

  • 1994: Touch the Earth (Album)
  • 1996: Ressurection (EP)
  • 1999: Welcome to My Kingdom (Album)
  • 2001: The Colour Tracks (Album)

Als Clanrock änneren

  • 2004: Out of Ashes (Album)
  • 2007: Flight of the Phoenix (Album)
  • 2014: Burn the Plague (EP)

Um Spaweck änneren