Oliver Kayser (Musikant)

Den Oliver Kayser ass e jéineschen Duddelsakspiller vu Lëtzebuerg.

Den Oliver Kayser bei engem Optrëtt vun de Lompekréimer zu Nidderaanwen (2012)

Hie spillt ënner anerem Poppentheater a setzt sech mat der Kultur, der Geschicht an dem Brauchtem vu Lëtzebuerg ausernaner, wouriwwer hien och Virträg hält.

Hien ass ee vun de Grënner vun der Folk Grupp D'Lompekréimer a spillt als Duddelsak- an Dréileierspiller. Hie bedreift e klengen ambulanten Zauberkonscht Theater, den Teatro Lompazi wou hien als Täschespiller an Illusionist optrëtt. Seng Virfahre waren ënner aanerem fuehrend Händler a Musikanten déi sech zu de Lakerten zielen.

Hien ass ee vun de Grënner vum Kochemer Loschen, dem Landesbüro fir Lëtzebuerg vum Jéinesche Bond Däitschland, a setzt sech fir seng Lakerkultur, fir d'jéinesch Sprooch, Bräich an Traditiounen an.