Evelin Jahl
D'Evelin Jahl, gebuer den 28. Mäerz 1956 zu Annaberg, ass eng fréier ostdäitsch Athleetin am Diskuswerfen.
Evelin Jahl | |
---|---|
Gebuer | 28. Mäerz 1956 |
Nationalitéit | Däitschland, DDR |
Aktivitéit | Liichtathleet |
Gréisst | 183 cm |
Gewiicht | 90 kg |
Kompetitiounsklass | Diskuswerfen |
Si war zweemol olympesch Meeschterin, déi éischt Kéier 1976 zu Montréal ënner dem Meederchersnumm Evelin Schlaak an duerno 1980 zu Moskau, wou si hiren Titel mat Erfolleg verdeedegt huet.
Palmarès
änneren- Olympesch Summerspiller 1976 zu Montréal a Kanada
- Olympesch Summerspiller 1980 zu Moskau Sowjetunioun