Eva Braun
D'Eva Anna Paula Braun, gebuer de 6. Februar 1912 zu München, a gestuerwen den 30. Abrëll 1945 zu Berlin, war, warscheinlech zënter 1932, déi an der Ëffentlechkeet net bekannt Maîtresse vum Adolf Hitler. Déi zwéin hu sech den 29. Abrëll 1945 am Führerbunker zu Berlin bestuet, wéi d'Rout Arméi scho bal do war, a sech deen Dag drop zesummen d'Liewe geholl.
Eva Braun | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eva Anna Paula Braun |
Gebuer |
6. Februar 1912 München |
Gestuerwen | 30. Abrëll 1945 |
Doudesursaach | Blosaiervergëftung |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945 |
Aktivitéit | Fotograf, Mannequin |
Famill | |
Bestuet mat | Adolf Hitler |
Liewenspartner(in) | Adolf Hitler |
Den Hitler hat si mat 20 Joer kennegeléiert, wou deen der schonn 43 hat. Vun 1936 huet si mat him zesummen zu Obersalzberg gewunnt, wou si offiziell d'Gerante war. Am Mäerz 1945 goung si op Berlin, fir beim Hitler ze sinn, an ass bis zum Schluss dobliwwen.
Literatur
änneren- Heike B. Görtemaker: Eva Braun. Leben mit Hitler. C.H. Beck, München 2010, ISBN 978-3-406-58514-2.
Um Spaweck
ännerenCommons: Eva Braun – Biller, Videoen oder Audiodateien |