Eugénie Arens

lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Erzéierin, Iwwersetzerin

D'Eugénie Arens gebuer den 9. Mäerz 1878 zu Miersch a gestuerwen an der Stad de 27. Juli 1957, war eng lëtzebuergesch Erzéierin a Schrëftstellerin.

Eugénie Arens
Pseudonym E.A.
Gebuer 9. Mäerz 1878
Miersch
Gestuerwen 27. Juli 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Erzéier, Iwwersetzer

No der Primärschoul huet si, well se net an e Lycée goe konnt, als Autodidakt, Englesch a Franséisch geléiert. 1922 ass si op Lyon gaange wou si bis 1929 als Erzéierin geschafft huet. Du koum si op Lëtzebuerg zeréck an huet sech hire Liewensënnerhalt mat Nohëllefsstonne an Heemaarbechte verdéngt. Si huet och fir dem Wort seng Wochebäilag Die Luxemburger Frau geschriwwen.

Soss huet se virun allem Theaterstécker, Gedichter a Kaméidistécker geschriwwen, dacks mat Adaptatiounen aus dem Däitschen.

Wierker änneren

  • (lb) D'Joffer Ketty. Schwank an engem Akt [+] Verschèrzt Gléck. Loschtspil an zwe'n Akten (1922)
  • (lb) Eng ro'eg Plätzchen. Schwank an engem Akt (1922)
  • (lb) Schold a Strof. En Drama an 2 Akten. [suivi de] Eng Tâs Te'. Poss (1922)
  • (lb) Ausgesönt. Kome'de'stéck an éngem Akt. (1923)
  • (de) Yolanda Gräfin von Vianden. Schauspill a 5 Akten

Iwwersetzungen änneren

Literatur änneren

  • Krettels, G.; Weggenossin "Einsamkeit". Leben und dichterischer Nachlaß von Eugénie Arens (1960)
  • Schlechter, P.; Triviales Theater. Untersuchungen zum volkstümlichen Theater am Beispiel des luxemburgischen Dialektdramas von 1894-1940 (1974)
  • Hilbert, R.; Dunkel sind die Wege, die das Schicksal geht. Später Nachruf auf eine verkannte und fast vergessene Dichterin aus Mersch. In: De Mierscher Gemengebuet (2001) 54, p. 32-36

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren