Ettelbrécker Kierfecht
e Kierfecht zu Ettelbréck
Den Ettelbrécker Kierfecht (offiziell Cimetière d'Ettelbruck) ass ee vun de zwéi Kierfechter an der Stad Ettelbréck.
![]() Um Ettelbrécker Kierfecht | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Ettelbréck |
Adress | Rue du Cimetière |
Fläch | 4,5716 ha |
Koordinaten |
49° 50’ 25.87’’ N 06° 06’ 01.69’’ O |
GeschichtÄnneren
De Kierfecht gouf de 6. September 2018, zesumme mat dem Jiddesche Kierfecht vun Ettelbréck, als nationaalt Monument klasséiert.
GeographieÄnneren
De Kierfecht läit am südëstlechen Eck vun der Gemeng Ettelbréck, südlech vun der Rue du Cimetière. E läit tëscht der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen am Westen an der Nordstrooss am Osten.
Monumenter um KierfechtÄnneren
Um Kierfecht steet e Monument als Erënnerung un d'Enrôlés de force aus dem Zweete Weltkrich.
Griewer vu bekannte PerséinlechkeetenÄnneren
Familljegraf vun der Famill Mongenast
…an der Famill Salentiny, mat de Griewer vun de fréiere Buergermeeschteren Émile, Jean-Pierre a Lucien Salentiny.
BillerÄnneren
- Um Kierfecht zu Ettelbréck
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Ettelbrécker Kierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |