Mam Begrëff Absolutismus (Absolut Monarchie) bezeechent een eng fréineizäitlech Herrschaftsform, déi - no traditioneller Opfaassung - vun der Regierung vun engem Herrscher, deen aus eegener Muechtvollkommenheet ouni politesch Matwierkung vun de Generalstänn gehandelt huet, bestëmmt war.

De Louis XIV. vu Frankräich, e Symbol fir den Absolutismus.

Am Artikel "Absolutisme" aus dem Dictionnaire de philosophie politique (1996) liese mer:

"le détenteur d'une puissance attachée à sa personne, concentrant en ses mains tous les pouvoirs, gouverne sans aucun contrôle."

Ausserdeem gëtt de Begrëff Absolutismus oder absolut Monarchie fir d'Epoch vun der europäescher Geschicht benotzt, déi vun dëser Regierungsform markéiert war - vun de Reliounskricher am 16. a 17. Joerhonnert an de Revolutioune vum spéiden 18. Joerhonnert.

Säin Héichpunkt huet den Absolutismus a Frankräich am 17. Joerhonnert ënner dem Louis XIV. erreecht. Et gouf awer scho virdrun, ënner de Kinneke François I. (1515-1547) an Henri II. (1547-1559) Tendenze fir d'Staatsgeschäfter ze zentraliséieren, an an hiren Hänn ze konzentréieren, mä duerch d'Reliounskricher goufen dës Iddien net weiderentwéckelt. Eréischt mam Henri IV. konnten d'franséisch Monarche wierklech ufänken, d'absolutistesch Iddien auszebauen, an ze verwierklechen. E wichtege Facteur war de Richelieu, deen d'Muecht vum Kinnek (deemools de Louis XIII.) weider ausgebaut huet, an den Adel ënnerwerfe konnt. Nodeem et wärend der Fronde zu engem leschten Opstand géint déi kinneklech Politik komm war, konnt de Louis XIV. vu Frankräich d'absolut Monarchie a Frankräich definitiv etabléieren, a war domat och e Virbild fir aner europäesch Kinnekshaiser.

Den Charles I. vun England hat manner Geschéck bewisen, woubäi een och muss am Kapp behalen, datt England eng gréisser parlamentaresch Traditioun opweises hat, wéi Frankräich. Seng Versich iwwer d'brittesch Inselen als absolutistesche Kinnek ze regéieren hunn zu sengem Doud an der Englescher Revolutioun gefouert.

Aner europäesch Monarchen, déi an absolutistescher Manéier iwwer hir Lännereie regéiert hu waren de Carlos III. vu Spuenien an de Friedrich II. vu Preisen. Beim Friedrich II. muss een allerdéngs nuancéieren, datt hie keng absolut Monarchie am klassesche Sënn opgebaut huet, mä als opgekläerten Despot an d'Geschicht agaangen ass. De Friedrich II. huet sech als éischten Dénger vum Staat gesinn.

Literatur zum Theema

änneren
  • Richard Bonney, L'absolutisme PUF, Paräis, 1989. (ISBN 2-13-042616-6)
  • Fanny Cosandey a Robert Descimon, L'absolutisme en France. Histoire et historiographie, Éditions du Seuil, Paräis, 2002. (ISBN 2-02-048193-6)
  • Nicholas Henshall, "Early modern Absolutism 1550-1700. Political reality or propaganda" in Absolutismus, ein Mythos, Böhlau, Köln, 1996. (ISBN 3-412-06096-8)
  • Ernst Hinrichs, Fürsten und Mächte. Zum Problem des europäischen Absolutismus, Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen, 2000. (ISBN 3-525-36245-5)
  • Johannes Kunisch, Absolutismus. Europäische Geschichte vom Westfälischen Frieden bis zur Krise des Ancien Régime, Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen, 1999. (ISBN 3-525-82521426-5)
  • Rudolf Vierhaus, Staaten und Stände. Vom Westfälischen bis zum Hubertusburger Frieden 1648 bis 1763, Propyläen Verlag, Frankfurt/M., 1990. (ISBN 3-548-33143-2)

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren