Ernst Ising
däitsche Mathematiker a Physiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Ernst Ising, gebuer den 10. Mee 1900 zu Köln, a gestuerwen den 11. Mee 1998 zu Peoria, am Illinois, war en däitsche Mathematiker a Physiker. Hien ass dofir bekannt, den no him genannten Ising-Modell vum Ferromagnetismus entwéckelt ze hunn. Hie war, bis zu senger Pensioun 1976, Professer fir Physik op der Universitéit Bradley.
Ernst Ising | |
---|---|
Gebuer |
10. Mee 1900 Köln |
Gestuerwen | 11. Mee 1998 |
Nationalitéit | Däitschland, USA |
Educatioun |
Universitéit Göttingen, Universitéit vun Hamburg |
Aktivitéit | Physiker, Mathematiker, Universitéitsprofesser |
Liewen a Karriär
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
...
Vun 1939 bis 1947 huet hie mat senger Fra Johanne Ising-Ehmer a senge Kanner am Exil zu Miersch gewunnt. Vu Mee 1943 bis zu der Liberatioun, am September 1944 huet hien, well en an enger nom Nazi-Verständnes "Mischehe" gelieft huet, missen Zwangsaarbecht op der Maginot-Linn leeschten. 1947 sinn se zesummen an Amerika ausgewandert.[1]
...
Eierung
ännerenZu Biereng (Miersch) gouf 2009 eng nei Strooss no him genannt.[1]
Literatur
änneren- Germaine Goetzinger: Jüdisches Leben im Merscher Exil (1939-1947). In: nos cahier, Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Kultur Nr 3/4, 2011, S. 277-292.