Den Erechtheion (och: Erechtheum) ass en Tempel am ionesche Baustil op der Akropolis zu Athen, deen ëm 420 bis 406 v. Chr. gebaut gouf. Als Baumeeeschter gëllen de (Phi)lokles vun Acharnai an den Archilochos vun Agryle.

Erechtheion
Land Griicheland
Plaz Akropolis
Koordinaten 37°58'19,5"N, 23°43'35,5"O
Architekt(en) Mnesikles, Phidias
Statut Weltierwen,
archeologesch Plaz a Griicheland
Datum vum Bau 5. Joerhonnert v. Chr. (julianesch)
D'Karyatiden
Bannen am Erechtheion

Den Erechtheion steet do, wou fréier de Palais vum mythesche Kinnek Erichthonios (Erechtheus I.) gestane soll hunn. Am Tempel goufen eng 13 Gëtter an Heroen, aus e puer verchiddenen ale Kulten, zesummegefaasst a veréiert. Et gouf z. B. am Tempel en hëlzent Kultbild vun der Stadgëttin Athene, dat vum Himmel gefall soll sinn, an dat all Joer fir d'Fest vun de Panathenäe frësch gerëscht gouf. Ausserdeem war am Gebai eng Äerdspléck an där eng helleg Schlaang gelieft soll hunn, en hellegen Olivebam vun der Gëttin, eng Salzquell (Ερεχθηίς θάλασσα), déi de Poseidon bei enger Kompetitioun mat der Athene entstoe gelooss soll hunn, an d'Graf vum mythesche Kinnek Kekrops I.

Den Erechtheion ass awer virun allem bekannt wéinst senger Virhal, wou amplaz vu Saile sechs iwwerliewensgrouss Meederchersfiguren (korai) den Daach gedroen hunn. Déi kruten och den Numm Karyatiden (dem Vitruv no no der Stad Karya um Peloponnes).

Am Laf vu senger Geschicht gouf d'Gebai fir verschidden Zwecker benotzt, woubäi déi ursprénglech Form beschiedegt gouf. Am 7. Joerhonnert gouf en an eng byzantinesch-chrëschtlech Kierch ëmgewandelt. 1463 huet en als Harem vun engem Offizéier vun der osmanescher Arméi gedéngt. Eng vun de sechs Kore gouf 1811 vum Lord Elgin a Groussbritannie bruecht a steet haut am British Museum. Déi fënnef, déi Rescht bloufen, goufen um Enn vum 20. Joerhonnert mat Kopien ersat, fir se virum Wieder a schlechter Loft ze schützen. D'Originaler sinn am Akropolis-Musée ausgestallt.

Literatur

änneren
  • Andreas Scholl: Die Korenhalle des Erechtheion auf der Akropolis. Frauen für den Staat. Fischer Taschenbuch-Verlag, Frankfurt am Main 1998, ISBN 3-596-12640-1.

Um Spaweck

änneren
Commons: Erechtheion – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.