Den Enrico Letta, gebuer den 20. August 1966 zu Pisa, ass en italieenesche Politiker, Member vum Partito Democratico. Vum 28. Abrëll 2013 bis de 14. Februar 2014[1] war hie Ministerpresident vun Italien.

Enrico Letta
Gebuer 20. August 1966
Pisa
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit vu Pisa
Aktivitéit Politiker, Akademiker, Saachbuchauteur
Partei Partito Democratico

Den Enrico Letta huet op der Universitéit Pisa Politikwëssenschaft studéiert an duerno mat enger Fuerschungsaarbecht am europäeschen Droit op der Scuola Superiore Sant'Anna zu Pisa promovéiert.

Hie war vun 1991 bis 1995 President vun der Jugendorganisatioun vun der Europäescher Vollekspartei an duerno Generalsekretär vum Euro-Comité am italieenesche Finanzministère. 1996-1997 war en delegéierte President vun der Partito Popolare Italiano, dunn, vun 1998-1999 italieeneschen Europaminister, Industrieminister (1999–2001) a Porte-parole fir ekonomesch Theeme vun der Partei La Margherita – Democrazia è Libertà (2001–2007).

Bei den Wale fir d'europäescht Parlament 2004 gouf de Letta op der Lëscht vu L'Ulivo an d'Europäescht Parlament gewielt, wou e bis 2006 fir d'Fraktioun Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa souz.

2006, no den italieenesche Parlamentswalen ass hie fir d'Margherita-Partei an d'italieenesch Chamber gewielt ginn. An der Regierung Prodi II gouf hie Staatssekretär beim Ministerpresident ernannt.

2007 war de Letta ee vun de 45 Grënnungsmembere vun der Partito Democratico (PD), déi aus der Fusioun vu Lénks- a Chrëschtdemokraten entstanen ass.

Hien ass fir d'zweet bestuuet mat der Gianna Fregonara, enger Journalistin vun der Dageszeitung Corriere della Sera. D'Koppel huet dräi Kanner.

Publikatiounen änneren

  • Costruire una cattedrale. Perché l'Italia deve tornare a pensare in grande. Mondadori, Mailand 2009, ISBN 978-8-80459050-7
  • In questo momento sta nascendo un bambino. Rizzoli, Mailand 2007, ISBN 978-8-81701988-0
  • L'Europa a venticinque. Il Muliono, Bologna 2006, ISBN 978-8-81511015-2
  • La comunità competitiva. L'Italia, le libertà economiche e il modello sociale europeo. Donzelli, Rom 2001, ISBN 978-8-87989625-2
  • Passaggio a nord-est. L'unione europea tra geometrie variabili, cerchi concentrici e velocità differenziate. Il Muliono, Bologna 1994, ISBN 978-8-81504834-9

Um Spaweck änneren

Commons: Enrico Letta – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Enrico Letta – Zitater

Referenzen änneren

  1. "Machtkampf in Italien: Italiens Premier Letta hat sein Amt niedergelegt." spiegel.de, 2014-02-14, 14:08.