Den Emile Moutrier, gebuer den 29. Juni 1880 zu Mamer a gestuerwen de 4. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär.[1]

Emile Moutrier
Gebuer 29. Juni 1880
Gestuerwen 4. Oktober 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Véidokter

Hien huet zu Zürich Déieremedezin studéiert. Nodeems hien de 6. Mee 1907 säi leschten Exame gepackt hat, huet hie sech nach am selwechte Joer zu Gréiwemaacher als Veterinär etabléiert.[1] Den 9. Juli 1915 ass hie provisoresch fir dräi Joer Staatsveterinär fir de Kanton Gréiwemaacher ginn; seng definitiv Ernennung krut hien de 5. Juli 1918.[2]

Vun 1921 bis 1945 war hien och nach inspecteur de viandes am Maacher Schluechthaus.[1]

Wéi am Februar 1920 am Bësch tëscht Bierg (Gemeng Betzder) a Buchholz (Gemeng Fluessweiler) e Wollef erluecht ginn ass, huet den Emile Moutrier d'Déier ënnersicht a souguer eng Autopsie gemaach a sengersäits konfirméiert, datt et sech wierklech ëm e Wollef an net ëm e Wollefshond gehandelt huet.[2]

D'Obermosel-Zeitung huet de 7. Oktober 1946 e klengen Noruff op den Emile Moutrier publizéiert an u seng Zäit zu Gréiwemaacher erënnert.[3]

Literatur änneren

  • Massard, J.A., 2015. Der Mythos vom letzten Wolf in Luxemburg. Der 1893 bei Olingen erlegte Wolf war nicht der letzte. Wölfe traten noch viel später als bisher angenommen in Luxemburg auf. – Erweiterte Online-Version einer im November 2015 im “Lëtzebuerger Journal” (Nr. 258-260) veröffentlichten dreiteiligen Serie. [1]
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Theves 1991, S. 254.
  2. 2,0 2,1 Massard 2015, Online-Version.
  3. Obermosel-Zeitung 1946-10-07: 3, Nr. 228 (Emile Moutrier †) (zitéiert bei Massard 2015, Online-Version).