Den Emil Faber, gebuer den 12. Mee 1843 zu Ettelbréck[1] a gestuerwen de 14. Mäerz 1927 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.

Emil Faber
Gebuer 12. Mee 1843
Ettelbréck
Gestuerwen 14. Mäerz 1927
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter

Carrière als Magistrat änneren

No sengem Studium vum Droit war hien zwee Joer Stagiairesaffekot zu Dikrech.[1]

1868 gouf hie Friddensriichter zu Réiden op der Atert, 1872 huet hie déi selwecht Funktioun zu Wolz iwwerholl. 1873 gouf hie Riichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1878 gouf hien Untersuchungsriichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1879 war hie Vizepresident vum Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg a gouf 1884 President dovun.[1]

1885 gouf hie Member vun der Cours supérieur.[1]

Direkter vum Enregistrement a Member vum Staatsrot änneren

Hie war vun 1887 bis 1915 Direkter vum Enregistrement a vum 2. Mee 1892 bis zu zu sengem Doud Member vum Staatsrot (Lëtzebuerg).[3]

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Noruff fir den Emil Faber am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1927 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  2. Doudesannonce vum Emil Faber am Luxemburger Wort Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  4. Memorial A N°8 vun 1920 mat der Lëscht vun de Leit déi 1920 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-12-15.