Elvinger Hoss Prussen
Affekotenetüd zu Lëtzebuerg
Elvinger Hoss Prussen, gekierzt EHP, ass ee vun de bedeitendsten Affekotebüroen zu Lëtzebuerg[1].
Elvinger Hoss Prussen | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft (S.A.) |
Grënnungsdatum | 1964, 2016 als S.A. |
Grënner | André Elvinger, Jean Hoss |
Sëtz |
2, place Winston Churchill L-1340 Lëtzebuerg |
Branche | Droit |
Homepage | ehp.lu |
D'Etüd gouf 1964 vum André Elvinger a Jean Hoss gegrënnt. Den 30. September 2016 gouf se als Aktiegesellschaft gegrënnt an den 11. Oktober 2016 am Handelsregëster ageschriwwen[2].
EHP spillt eng zentral Roll an der Gestioun vu Fongen zu Lëtzebuerg a war och ëmmer enk mat der Lëtzebuerger Politik verknëppt. Zu den drësseg Partner vun der Etüd zielen 2014 och zwéin Deputéiert, de Franz Fayot (LSAP) an de Léon Gloden (CSV).
Elvinger Hoss Prussen huet och Dependancen zu Hong Kong an zu Paräis.