Elle ne pleure pas, elle chante

Elle ne pleure pas, elle chante ass e Spillfilm aus dem Joer 2011 vum belsche Regisseur Philippe Pierpont. Et ass eng belsch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun, déi den 29. Juni 2011 hir Première zu Bréissel hat.

Elle ne pleure pas, elle chante
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Frankräich
Produktiounsjoer 2011
Première 2011
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Philippe de Pierpont
Dréibuch Philippe Pierpont
nom Roman vum Amélie Sarn
Fotografie Alain Marcoen
Produktiouns-
gesellschaft
Iota Productions
Tarantula
Perspective Films
Serendipity Films
Schauspiller
Erika Sainte als Laura
Jules Werner als Rémi
Marijke Pinoy als Mamme
Jean-François Wolff als Papp
Vicky Krieps als Infirmière
Laurent Capelluto als Jérôme
Martin de Myttenaere als Jan
Galatea Bellugi als Louise
Hervé Piron als Luc
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et? änneren

D'Laura, eng jonk Fra, gëtt gewuer, datt hire Papp en Autosaccident hat an am Koma läit. U sengem Spidolsbett kënnt et an d'"Gespréich" mat him, an Theemen, iwwer déi et soss net schwätze konnt, kommen un d'Dagesliicht...

Trivia änneren

D'Geschicht existéiert ënner deem selwechtent Titel och als Comic, deen 2004 vum Éric Corbeyran erzielt a vum Thierry Murat gezeechent gouf.

D'Erika Sainte gouf fir hir Roll als Laura mam Magritte du cinéma als beschten Nowuessschauspillerin ausgezeechent.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. https://archive.wikiwix.com/cache/index2.php?url=http%3A%2F%2Fwww.lexpress.fr%2Fculture%2Fcinema%2Ferika-sainte-la-revelation-belge-d-elle-ne-pleure-pas-elle-chante_1174355.html#