Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Elie Wiesel, gebuer den 30. September 1928 zu Sighetu Marmației, Rumänien, a gestuerwen den 2. Juli 2016 zu Boston, war en US-amerikaneschen Universitéitsprofesser a Publizist.

Elie Wiesel
Gebuertsnumm Eliezer Wiesel
Gebuer 30. September 1928
Gestuerwen 2. Juli 2016
Manhattan
Nationalitéit USA, Rumänien, Kinnekräich Ungarn
Educatioun Faculté des lettres de Paris
Aktivitéit Schrëftsteller, politeschen Aktivist, Romancier, Autobiograph, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer, Journalist, Philosoph, Dramatiker
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences

Hien huet den Holocaust iwwerlieft, an huet eng ganz Rëtsch vu Romaner a soss Publikatiounen zu deem Theema geschriwwen. Dat bekanntst Buch dozou ass La Nuit, dat 1958 bei Les Éditions de Minuit erauskoum. Et ass dëst eng verkierzte Versioun vum Text Un di Velt Hot Geshvign (1956 zu Buenos Aires op Jiddesch erauskomm) an där en de Leidenswee vu sech selwer a senger Famill duerch d'Konzentratiounslageren Auschwitz I, Auschwitz-Monowitz a Buchenwald beschreift.

No der Befreiung vu Buchenwald ass den Elie Wiesel fir d'éischt a Frankräich wunne gaangen, an 1962 an d'Vereenegt Staaten.

1986 huet hien de Friddensnobelpräis fir seng Virbildfunktiuon am Kampf géint Gewalt, Ënnerdréckung a Rassismus kritt.

Um Spaweck änneren

Commons: Elie Wiesel – Biller, Videoen oder Audiodateien