Eisebunnsstreck Pronsfeld-Waxweiler
D'Streck Pronsfeld-Waxweiler war eng Niewestreck vun der Westäifelbunn déi vun der Gare vu Pronsfeld fortgaangen ass a bis op Waxweiler gefouert huet.
Pronsfeld-Waxweiler | ||
---|---|---|
Westäifelbunn aus Direktioun Gerolstein | ||
0,0 | Pronsfeld | |
Westäifelbunn an Direktioun Sankt-Vith | ||
Enzdallbunn | ||
3,0 | Lünebach | |
5,6 | Kinzenburg | |
8,0 | Prüm | |
8.5 | Waxweiler |
D'Streck gouf zesumme mat der Eisebunnsstreck Pronsfeld-Neierbuerg de 6. Juli 1907 a Betrib geholl. Am Zweete Weltkrich goufe se sou staark beschiedegt, soudatt den Trafic eréischt konnt de 17. Oktober 1949 nees opgeholl konnt ginn.
Den 1. Januar 1966 gouf mam Persounentransport opgehalen, an am Mee 1987 war et och mam Giddertransport Schluss.
D'Streck war an Normalspuer (1435 mm), hat d'Streckennummer 3103 a war 8,5 km laang.
Um féieren Tracé gouf 2002 eng Vëlospiste ugeluecht.
Wat haut nach ze gesinn ass
änneren- D'Gebai vun der Gare zu Waxweiler
- De Lokomotivschapp zu Waxweiler
- D'Bréck iwwer d'Prüm zu Waxweiler
- Stroossebréck iwwer d'Streck zu Lünebach
- D'Gebai vun der Gare vu Pronsfeld
Biller
änneren-
Bréck zu Lünebach
-
Déi freier Gare zu Waxweiler
-
De fréiere Lokomotivschapp zu Waxweiler
-
Gare vu Pronsfeld
Um Spaweck
änneren- (de) Bahntrassenradeln
- Kaart a Loftbild vun de Strecken