Eisebunnsstreck Pronsfeld-Neierbuerg
(Virugeleet vu(n) Enzdallbunn)
Pronsfeld-Neierbuerg | ||
Westäifelbunn aus Direktioun Gerolstein | ||
0,0 | Pronsfeld | |
Westäifelbunn an Direktioun Sankt-Vith | ||
Pronsfeld-Waxweiler | ||
Bierbachbréck (Bier a K116) | ||
Bréck bei Lünebach | ||
Bréck vun der K117 | ||
Bréck iwwer d'K118 (Euscheiderstasse) | ||
Bréck iwwer e Bëschwee | ||
5,4 | Euscheid | |
8,3 | Üttfeld / Lichtenbronn | |
Bréck vun der K145 tëscht Huf an Hölzenkopp | ||
Bréck vun der K122 tëscht Lichtenborn an Halenbach | ||
Bréck vum Bëschwee bei "Dreis" | ||
14,2 | Arzfeld | |
Bréck iwwer d'K58 bei Arzfeld | ||
Bréck iwwer d'K142 bei Neurath | ||
17,4 | Zweifelscheid | |
Bréck iwwer d'Dorfstrasse zu Zweifelscheid | ||
Weidendelltunnel (125 m) | ||
Neierbuerger Tunnel (116 m) | ||
25,4 | Neierbuerg |
D'Streck Pronsfeld-Neierbuerg och nach Enzdallstreck an Enzdallbunn genannt war eng Niewestreck vun der Westäifelbunn déi vun der Gare vu Pronsfeld fortgaangen ass a bis an d'Neierbuerg gefouert huet.
D'Streck gouf zesumme mat der Eisebunnsstreck Pronsfeld-Waxweiler de 6. Juli 1907 a Betrib geholl. Am Zweete Weltkrich goufen déi zwou sou staark beschiedegt, datt den Trafic eréischt konnt de 17. Oktober 1949 nees opgeholl ginn.
Den 1. Juni 1969 gouf mam Persounentransport opgehalen, an den 18. Mee 1989 war et och mam Giddertransport Schluss.
D'Streck war an Normalspuer (1435 mm), hat d'Streckennummer 3102 a war 25,4 km laang.
Um féieren Tracé gouf vun 2002 un, no an no eng Vëlospiste ugeluecht, déi zanter 2011 komplett godronéiert ass.
Wat haut nach ze gesinn ass
änneren- D'Gebai vun der Gare vu Pronsfeld
- Bierbachbréck iwwer d'K116
- Bréck bei Lünebach
- Bréck vun der K117
- Bréck vun der K118 (Euscheiderstraasse)
- Gare vun Üttfeld
- Bréck vun der K145 tëscht Huf an Hölzenkopp
- Bréck vun der K122 tëscht Lichtenborn an Halenbach
- Eng Bréck bei Arzfeld
- D'Vakanzegare zu Arzfeld
- Bréck iwwer d'K142 bei Neurath
- Eng Bréck zu Zweifelscheid
- De Weidendelltunnel (125 m)
- Den Neierbuerger Tunnel ënner dem Heenzebierg. (116 m)
Biller
änneren-
Den Tunnel an der Neierbuerg
-
Bréck bei Zweifelscheid
-
Bréck bei Zweifelscheid
-
Bréck iwwer d'K142 bei Neurath
-
Bréck iwwer d'K142 bei Neurath
-
Bréck bei Arzfeld
-
Déi fréier Gare zu Arzfeld
-
Fréier Gare Üttfeld
-
Bréck iwwer e Bëschwee bei Euscheid
-
Den Euscheider Viaduc
-
Den Euscheider Viaduc vun uewe gesinn
-
E Bou vum Bierbachviaduc bei Pronsfeld
-
Gare Pronsfeld Säit vun de Gleiser
Um Spaweck
änneren- (de) Bahntrassenradeln
- Kaart a Loftbild vun de Strecken