Eesebuerer Schlass

Schlass zu Eesebuer
(Virugeleet vu(n) Eeseburer Schlass)

D'Eesebuerer Schlass ass e Gebai aus dem 18. Joerhonnert zu Eesebuer, an der Gemeng Jonglënster.

Eesebuerer Schlass
D'Schlass 2011
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Eesebuer
Koordinaten 49°41'31,03"N, 6°11'5,65"O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Statut Klasséiert Monument
Eng 100 Joer éischter, als Landheem vum Pensionat Notre-dame.
D'Schlass am Mee 2023

Geschicht änneren

D'Gebai ass schonn op der Ferraris-Kaart vun ëm 1770 agezeechent[1]. Et war ufanks e Bauerenhaff, a vun 1902 bis 1992 e Klouschter, respektiv e Landhaus vum Pensionat Notre-dame. Nodeems de Staat et iwwerholl hat, gouf et 2009 zesumme mat de Gäert an dem Weier op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert[2]. 10 Joer laang ass näischt mam Gebai geschitt, dat lues a lues delabréiert ass.

2019 huet de Proprietär, de Fonds du Logement, e Projet fir d'Schlass entwéckelt, deen, am renovéierten ale Gebai an an enger neier Annex amplaz vun de Wirtschaftsgebaier, 14 Wunnenge virgesäit, mat hannendrun engem groussen ëffentleche Park, dee vun der Gemeng iwwerholl gëtt. Am Kader vun dësem Projet goufe Beem am Park ëmgehaen, déi méi wéi 100 Joer al waren[3][4]

Membere vun der Denkmalschutzvereenegung Luxembourg under destruction hu sech géint d'Pläng gewiert mam Argument, datt dat neit Gebai géif geneesou ausgesinn, wéi wann et an engem Neibauquartier stoe géif. Doriwwer eraus gouf hannert dem Schlass eng historesch Gëpelanlag entdeckt. Deen historesche Gëpel, dee vu Päerd ugedriwwe gouf, géif sech an d'Fréijoer 1853 datéiere loossen a wier deemno méi al wéi d'Wirtschaftsgebai [5].

Um Spaweck änneren

Commons: Eesebuerer Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Schlass vun Eesebuer (Eeseber) ." rtl.lu, Update: 26.08.2019 09:28 .
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Projekt am Schloss Eisenborn, „Das Haus muss restauriert und nicht renoviert werden“. wort.lu [€] (11.6.2022). Gekuckt de(n) 22.2.2023.
  4. .Wohnungsbauprojekt am Schloss Eisenborn, Denkmalschützer wehren sich weiter. wort.lu [€] (2.6.2022). Gekuckt de(n) 22.2.2023.
  5. (de)Irina Figut, Unbekannte Dokumente, Das Dossier zum Schloss Eisenborn offenbart brisante Details. wort.lu [€] (22.2.2023). Gekuckt de(n) 22.2.2023., Denkmalschützer decken historischen Fund auf, Der Fonds de Logement gibt Erklärungen zu Abriss und Umbau von Schloss Eisenborn, nachdem eine Aktivistin Zugang zu bislang nicht öffentlichen Dokumenten bekommen hat., Luxemburger Wort, 22. 2. 2023, S. 12-13