Eech zu Mutfert

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Eech zu Mutfert ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche), déi an der Gemeng Conter, am Ausgank vu Mutfert

Eech zu Mutfert
D'Eech zu Mutfert, Richtung Pläitrenger Haff gekuckt (2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Plaz Mutfert
Adress Rue de Pleitrange / An de Stacken
Koordinaten 49°35'16,501"N, 6°15'53,590"O
Bamaart Stilleech
Héicht 30 m (2000)
Duerchmiesser 1,60 m (2000)
Ëmfang 5,03 m (2000)
E gewaltege Stamm.
D'Eech zu Mutfert, Richtung Pläitrengerhaff gekuckt.

laanscht d'Strooss déi op de Pläitrengerhaff féiert, steet.

Dës Eech gehéiert zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Entwécklung vum Bam änneren

Den Alter vun der Eech gëtt op ronn 300 Joer geschat[1].

Um Enn vum éischte Weltkrich gouf dës Eech zum Fräiheetsbam (Arbre de la liberté 1914-1918) ernannt, wat hiren Erhalt geséchert huet. Ëm de Bam huet d'Gemeng eng fräi Plaz mat Wues a jonke Beem ugeluecht.

1976 gouf d'Eech verstäerkt a geséchert.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [2]    
1980 4,80 1,53 29,00
≈2000 5,02 1,60 30,00

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 54-55, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 20-21, Foto an Text).

Kuckt och änneren

  • Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Eechen nieft dem Weier
Lannen am Agank vum Haff
Spierebeem am Bongert

Fotoalbum änneren

 
Mutfert am Hannergrond.

Um Spaweck änneren

Commons: Eech zu Mutfert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Administration des eaux et forêts, 1981: « environ 250 ans »
  2. op Broschthéicht gemooss