Eeërtriwwel
Eeërtriwwel, ass en einfache Plat aus Eeër, déi an enger Pan lues gebak ginn.
Fir d'Zoubereedung gi réi Eeër opgeklappt, gesalzt a bei klenger Hëtzt a Botter oder Planzenueleg gestackt. Dacks ginn d'Eeër nach mat Mëllech, Rahm, a Waasser gemëscht, fir d'Eeërtriwwel méi schmanteg ze maachen. Alternativ kënnen d'Eeër direkt an enger Pan mat zerloossenem Botter geklappt ginn a wärend dem Bake mat den aneren Ingredienten zesummegemëscht ginn. Jee no Virléift gëtt duerch Réieren, Dréinen oder Schappe mat enger Paneschëpp d'Eeërmass gläichméisseg gebak. Fäerdeg ass d'Eeërtriwwel, wa se gestackt, awer nach fiicht a glënnereg ass.
Soss kënnen nach Speck, Ham, Krevetten, Kéis, Champignonen, Ënnen, oder Bratzelen, och Tomaten an anert Geméis drakommen.
Literatur
änneren- Tun Nosbusch: Eeërtriwwel S.74 aus dem Buch Aus der Luxemburger Küche: Kachen a Brachen, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 3-88957-024-0, 1. Oplag 1983
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eeërtriwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Eeërtriwwel Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Referenzen
änneren- ↑ Mein Kochbuch, Säit 47; Landwirtschaftliche Haushaltungsschule Ettelbrück, 1969; Sankt-Paulus Druckerei