Den Edward Forbes gebuer den 12. Februar 1815 zu Douglas op der Insel Man, a gestuerwen den 18. November 1854 zu Edinburgh, war e britteschen Naturfuerscher. Hie gëllt als Grënner vun der Zoogeologie oder Biogeographie an ass e Matgrënner vun der Déifséifuerschung.

Edward Forbes
Gebuer 12. Februar 1815
Douglas
Gestuerwen 18. November 1854
Edinburgh
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Botaniker, Zoolog, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Geolog, Paleontolog, Naturalist
Member vun Royal Society, Accademia delle Scienze di Torino

1841 gouf de Forbes Curateur vum Musée vun der Geological Society of London, 1842 Professer am King's College London an 1844 Paleontolog vum British Geological Survey. 1853 gouf hie President vun der Geological Society of London a kuerz viru sengem Doud krut hien e Léierstull fir Naturgeschicht op der University of Edinburgh.

Wierker änneren

  • History of British Starfishes, 1841
  • On the Connection between the distribution of the existing Fauna and Flora of the British Isles, and the Geological Changes which have affected their Area, especially during the epoch of the Northern Drift, 1846
  • A history of British Mollusca, and their shells, London, van Voorst, 1853