D'Eau de Martin Moulin ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Vielsalm, Houffalize a La Roche.

D'Baach um Martin Moulin

D'Baach entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer Grief aus de suppege Gebidder vum Laid bois an Noir Ru südlech vun der Baraque de Fraiture op enger Héicht vu ronn 600 Meter.

Vun do aus leeft se a südlecher Richtung duerch de Fond de Chabrehez, laanscht de Moulin Martin a Wilogne bis op d'Héicht vum Pont de Rensivé, wou se an d'Ourthe orientale leeft.

D'Baach ass ronn 13 km laang an huet zwou besser Niewebaachen, an zwar de Ruisseau du pré Lefèbre an de Ruisseau du Fond de Minée.