E Graf op Madeira

Kriminalroman vum Josy Braun

E Graf op Madeira ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, deen 2010 bei den Éditions Josy Braun erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?Änneren

D'Chloé Western ass ëm déi 30 Joer al a gëtt vermësst. Hatt war op Teneriffa an d'Vakanz geflunn an huet sech net méi gemellt. Dat war viru 4 Joer, keng eenzeg Spuer, déi d'Police hätt kënne weiderbréngen. Seng Plaz als Sekretärin vum Minister Prüm ass no enger Zäit nei besat ginn. Schlussendlech léisst säi Papp no der Duechter sichen. Hie freet ee gudde Bekannten aus senger Militärzäit, de Fränz Duren, fir him ze hëllefen.

D'Sich nom Chloé kritt neie Schwong, wéi de Fränz ee puer zousätzlech Unhaltspunkte fënnt a sech domat eng Theorie zesummebraut, wat mam Chloé kéint geschitt sinn. Hie mengt d'Chloé oder besser gesot, wat nach vun him iwwreg ass, op Madeira ze fannen a flitt dohin. Souwuel d'Press wéi d'Police an de Parquet op der Insel leeën eng Hand mat un, mä et kënnt ganz anescht wéi geduecht.

PersonnagenÄnneren

De Fränz Duren ass ee pensionéierte Kommissär aus der Sûreté. Hien ass schonn iwwer siwwenzeg an huet Problemer mat sengem Réck. Trotzdem léisst hie sech fir deem Chloé säi Fall begeeschteren. Well hie Schwieregkeeten huet mat moderner Technik an a praktesche Froen zimmlech onbehollef ka sinn, offréiert hie senger Duechter Liz a sengem Enkelkand Malou eng Vakanz vun zwou Wochen op Madeira, fir datt hie seng Enquête do ka féieren. D'Liz léisst sech gär aspanen an ënnerstëtzt säi Papp tatkräfteg.

Op Madeira gëtt et eng kleng Zeitung fir däitsch Touristen, déi sech „Bom Dia Deutschland“ nennt an där hir Direktesch, d'Heike Melchior dem Fränz an dem Liz gär behëlleflech ass. Si mécht och de Kontakt zum lokale Chef vun der Police, dem João de Sousa.

De Michel Prüm ass no de leschte Walen net méi Minister a kënnt deen Dag op Madeira un, wou de Fränz mat senge Leit nees heem flitt. D'Famill Prüm huet eng Villa op der Insel a verbréngt hir Vakanze gär do. De Michel ass geleeëntlech och ouni Famill an der Villa, awer dofir net onbedéngt ganz eleng.

SossÄnneren

E Graf op Madeira ass weder een typeschen Detektivroman nach een typeschen Thriller, mä villméi eng Kombinatioun vu béiden. Dat huet schonn eppes mat dem Ech-Erzieler ze dinn, deen et erlaabt Reflexiounen an emotional Reaktiounen authentesch ze beschreiwen, mä ee Perspektivewiessel net zouléisst. Dat war ee gudde Choix vum Auteur, well et an dësem Roman entscheedend dorëm geet, d'Subjektivitéit vu engem Enquêteur ze thematiséieren.[1] Trotz der Wichtegkeet vun Deductioun a Formuléierung vun Hypotheesen am analytesche Prozess, deen eng kriminalistesch Enquête ausmécht, bleift d'Noutwendegkeet bestoen, Hypotheesen empiresch ze iwwerpréiwen, fir déi néideg Beweiser ze liwweren.

Hannert dem Graf um Kierfecht vu Capela do Corpo Santo op Madeira verstoppt sech net nëmmen een zweete Kriminalfall, deen net geléist ass. Et gëtt esouguer een drëtten – wann een dat sou wëll gesinn – een intellektuellen, philosophesche Kriminalfall mam Titel “Der logische Positivismus ist tot: Wer ist der Täter?“[2] Dee Fall ass zwar geléist an den Täter ass bekannt: Et war de Kritesche Rationalismus.[3]

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG S. 16f.
  2. Popper, Karl R. (2015). Ausgangspunkte. München: Piper S. 120-124
  3. „[…] Darin erteilt P[opper] der klassischen Idee eines mit einer Wahrheisgarantie ausgestatteten Wissens eine Absage. […] Volpi, Franco (1999). Großes Werklexikon der Philosophie, Band 2. Stuttgart: Kröner S. 1210