En Duebelplanetoid oder Duebelasteroid ass e System vun zwéi gravitativ gebonnen Asteroiden, déi sech ëm e kollektive Schwéierpunkt beweegen. Wann ee Kierper däitlech méi grouss wéi deen aneren ass, da schwätzt een an der Reegel vun engem Mound oder Satellit vum Asteroid oder och vun engem Asteroidemound oder Planetoidemound. Aus bunnmechanescher Siicht ass sou e System vergläichbar mat dem Äerd-Mound-System oder mat Duebelstären.

Den Haaptkierper (grouss, bannen) a säi Begleeder (kleng, baussen) ëmkreesen de Baryzentrum

Gréissteverhältnesser

änneren
 
Asteroid Ida (lénks) mat Mound Dactyl (riets)

Fir d'Gréissteverhältnesser tëscht Haaptkierper a Begleeder gëtt et prinzipiell keng Aschränkungen. Sou sinn zwéi bal d'selwecht grouss Kierper méiglech (Verhältnes ongeféier 1:1; Beispiller: (617) Patroclus, (58534) Logos) wéi och Kierper mat engem Volumeverhältnes vun ongeféier 2500:1, wéi zum Beispill (243) Ida an Dactyl ze gesinn ass (zum Vergläich, d'Volumeverhältnes Äerd:Äerdmound ass ronn 50:1). (243) Ida war deen éischten Asteroid, vun deem e Begleeder bekannt war.

Ëmlafperiod

änneren

Wéinst der klenger Mass vun den Asteroiden ass de maximalen Ofstand fir stabil Bunnen dacks nëmmen e Villfacht vum Haaptkierperduerchmiesser. Déi kleng Distanz féiert nees zu enger kuerzer Ëmlafperiod (dacks méi wéi een Ëmlaf am Dag).

Genesis

änneren

Duerch déi no Distanz zuenee geet een dovun aus, datt béid Kierper aus dem selwechte Material bestinn a gläichzäiteg niefteneen entstane sinn, oder allebéid fréier mol ee Kierper gebilt hunn. Duerch Rotatioun oder Aschlag konnt sech dorophin en Deel getrennt hunn.

Beispill

änneren

Den Duebel-Asteroid (175706) 1996 FG3 huet e Volumeverhältnes (Haaptkierper:Begleeder) vun 42:1 an e mëttleren Ofstand vun 3 km (2- bis 3-fachen Duerchmiesser vum Haaptkierper). D'Ëmlafperiod vum Begleeder ëm de Baryzentrum ass 16,2 Stonnen.

Um Spaweck

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie