Dorin Recean

moldawesche Politiker


Den Dorin Recean, gebuer de 17. Mäerz 1974 zu Dondușeni, ass e moldawesche Politiker.

Dorin Recean
Funktioun
Biographie
Gebuer 17. Mäerz 1974

Liewen a Carrière änneren

Den Dorin Recean huet op der moldawescher Academia de Științe Economice (Akademie vun de Wirtschaftswëssenschaften) 1996 en Diplom, an 2001 e Master a Business Administration op der Internationaler Universitéit vun Newport gemaach.

Tëscht 1995 an 2007 huet hien op der Academia de Științe Economice Course gehalen, a gläichzäiteg fir verschidde Firme geschafft.

Hie war vum 24. Juli 2012 bis den 18. Februar 2015 Inneminister vu Moldawien. De 7. Februar 2022 gouf hien zum Conseiller vun der Staatspresidentin Maia Sandu fir national Sécherheet a Verdeedegung an zum Sekretär vum Ieweschte Sécherheetsrot ernannt.[1]

Den 10. Februar 2023 huet d'Presidentin Sandu hien zum Nofollger vun der Ministerpresidentin Natalia Gavrilița, déi zeréckgetruede war, ernannt.[2] Hie gouf den 21. Februar vereedegt.

Referenzen änneren

  1. https://radiomoldova.md/p/5790/who-is-dorin-recean-the-candidate-designated-by-maia-sandu-for-the-position-of-prime-minister
  2. https://www.sn.at/politik/weltpolitik/dorin-recean-zum-neuen-regierungschef-von-moldau-beauftragt-133852417