Natalia Gavrilița
D'Natalia Gavrilița, gebuer den 21. September 1977 zu Mălăiești an der deemoleger Sowjetunioun (haut Transdnistrien), ass eng moldawesch Politikerin. Si ass zanter dem 23. Juli 2021 Regierungschefin vu Moldawien.
Natalia Gavrilița | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 21. September 1977 |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Moldawien, Rumänien |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Jurist |
Si ass vu Formatioun eng Ekonomistin. An den 2000er Joren huet si a verschiddene Fonctioune bei der Weltbank, an am moldawesche Wirtschaftsministère geschafft. Vun 2009 bis 2013 war si Portfoliomanagerin bei Oxford Policy Management. Dono huet si am Educatiounsminitère geschafft, a war vun 2015 bis 2019 Finanzministesch.[1]
Um SpaweckÄnneren
Commons: Natalia Gavrilița – Biller, Videoen oder Audiodateien |