Donostia Zinemaldia – Festival de San Sebastián

Den Donostia Zinemaldia – Festival de San Sebastián (op Englesch: San Sebastián International Film Festival) ass e Filmfestival, deen all Joer am September an der nordspuenescher Stad San Sebastián (op Baskesch: Donostia) organiséiert gëtt. En existéier zënter 1953 a gëllt als dee wichtegste Filmfestival a Spuenien.

De Kursaal, an deem de Festival organiséiert gëtt

De wichtegste Präis ass d'"Gëlle Muschel" (Spuenesch: Concha de Oro; Baskesch: Urrezko Maskorra). Si geet un de beschte Film, deen an der Kompetitioun gelaf ass.

Heiansdo lafen och lëtzebuergesch Filmer a lëtzebuergesch Koproduktiounen zu San Sebastián. Esou huet den Andy Bausch 1989 fir A Wopbopaloobop A Lopbamboom den éischte Präis an der Kategorie "Open Zone / New Directors" gewonnen, an d'Koproduktioun Jaime krut 1999 de Spezialpräis vun der Jury.[1] Och de Film Schacko Klak[2] an d'Koproduktioune Puppy Love (2013)[3] a Sunset Song (2015) [4] sinn zu San Sebastián gelaf.

Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. Jaime um Site vum Instituto Camões (ondatéiert gekuckt de 14. Dezember 2021)
  2. Schacko Klak um Site vum Festival vu San Sebastian
  3. swissfilms.ch: Erstlingsfilm im Wettbewerb in San Sebastian (18. September 2013)
  4. wort.lu: "Sunset Song" läuft in San Sebastian (10. August 2015)