Diskussioun:Thierry Origer (Reliounswëssenschaftler)
Fotoen änneren
Vläicht kann e Fotospezialist mär erklären, wat mat de Fotoen an dësem Artikel lass ass. Besonnesch déi Geeschterfoto mat der Uergel mécht mer Angscht. --Cornischong 13:45, 21. Jan. 2009 (UTC)
Jo, et ass gutt datt s de déi Fottoe geläscht hues. Fir de Rescht hunn ech den Artikel, dee jo em meng Persoun geet, nees e bësse gekierzt. Weider Detailer get et jo op menger Homepage. Willibrord 23:51, 22. Jan. 2009 (UTC)
facebook? änneren
Moien,
gi well facebook Linken op Wikipedia gesat? --Jwh 11:23, 15. Abr. 2011 (UTC)
- Allgemeng gehéiere just Linken an en Artikel, déi direkt eppes domat ze dinn hunn. Deemno: E Link op d'Websäit vum Mamer Lycée gehéiert (an ass) am Artikel "Mamer Lycée", mee net heihinner. Dat selwecht gëllt fir déi aner, déi ech nees ewechgemaach hunn. --Zinneke 14:46, 15. Abr. 2011 (UTC)
Läschen änneren
Wann ech dat richteg verstanen hunn, wëllt déi Persoun, em déi et hei geet, datt den Artikel iwert seng Persoun geläscht gëtt. Kann een sech dodrems këmmere w.e.gl.? --158.64.25.161
D'Ofstëmmung vun der Läschdemande leeft nach. --Otets 16:37, 22. Nov. 2013 (UTC)
- Wat soll dat zousätzlecht Gehänsels. Huet alt erëm een eppes net matkritt, oder geet et wierklech nëmmen drëm Wand an d'Loft ze kéieren. Ass dee Spunnes wierklech néideg. --91.180.202.73 16:47, 22. Nov. 2013 (UTC)