Thierry Origer (Reliounswëssenschaftler)

Dësen Artikel beschäftegt sech mam Professer a Museker Thierry Origer. Fir aner Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Thierry Origer.

Den Thierry Origer, gebuer den 23. Dezember 1977 a gestuerwen den 3. Abrëll 2015, war e lëtzebuergesche Professer, Reliounswëssenschaftler, Theolog a Museker.

Thierry Origer
Gebuer 23. Dezember 1977
Gestuerwen 3. Abrëll 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog

En huet 1997 eng Première B classique am Iechternacher Kolléisch gemaach an duerno Sciences religieuses, Theologie a Philosophie zu Louvain-la-Neuve an zu Tréier studéiert. Vum Hierscht 2003 bis zu sengem Doud huet hien (vun 2006 un als nominéierte Professer) Relioun an Eethik am Mamer Lycée enseignéiert.

Donieft war hien a senger Fräizäit aktiv als Organist op verschiddene Plazen am Land, souwéi Sekretär vun den Amis de l'orgue - Luxembourg.

Um Spaweck

Musikalesches

Geschriwwenes