Diskussioun:Société préhistorique luxembourgeoise

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Jamcelsus in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Moien, Op Ufro vum Comité vun der S.P.L. hunn ech hier Säit à jour gesat. MfG --CoRe1984

Moien, Merci awer firwat hutt Dir den Abschnitt "Wëssenschaftler, déi mat der SPL verbonne waren/sinn" erausgeholl? MbG, --Soued031 (Diskussioun) 21:24, 4. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Moien. D'Diskussioun iwwer den Abschnitt wor opkomm, well d'Wiel vun de Leit déi do gelëscht woren, net verständlech wor fir d'S.P.L. Wann eng Lëscht, dann mat koherente Kritären (dat war mol d'Entscheedung vu Säiten der S.P.L.). MfG, -- CoRe1984
Moien och
Souwäit wéi et mir bekannt ass huet S.P.L. näischt um Niveau vun der Wikipedia ze decidéieren. Wann et net stëmmt datt déi Leit déi hei opgezielt sinn mat der SPL an Zesummenhank stinn da sollen se geläscht ginn. Wann net da sollen se erëm dohinner kommen. Et ass net d'SPL déi Relevanzcritèren op der Wiki bestëmmt. A wann et sollt e Problem domat ginn da soll dat fir d'éischt diskutéiert ginn, a wa méiglech soll dann eng besser Propos geliwwert ginn an net einfach ouni Kommentar erausgeholl ginn. Dofir setzen ech se elo mol erëm dran. --Les Meloures (Diskussioun) 13:44, 9. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
An der Rei. Ech argumentéieren dann elo net am Numm vun der S.P.L.: Ech fannen datt et schwiereg ass ze définéieren wat ee Wëssenschaftler ass fir déi Zäit. Sinn et all Amateur (am positive Sënn vum Wuert) déi sech mat Archeologie beschwäftegt hunn? Wa jo, da mussen all d'Membere vun der S.P.L. an déi Rubrik kommen. Wann et awer just déi solle sinn, déi als Professionneller gëllen, also an enger wëssenschaftlecher Disziplin ausgebild sinn an och an deem Beräich schaffen, dann dierf den E. Thibold net do stoen, well dee wor vu Beruff Bréifdréier.

Ech wollt mam Eraushuelen kengem op d'Féiss trëppelen. Ech wosst och net, datt op der Säit vun der S.P.L. d'Associatioun net dierf Rubriken eraushuelen, déi si komesch fannen. Dowéinst, näischt fir ongutt. (Net signéierten Edit vum CoRe1984 vum 13:41, 10. Abr. 2013)

Meng perséinlech Meenung: Fir keen op d'Féiss ze trëppelen, deen an dësem Abschnëtt NET opgezielt ass, egal op e Profi oder Amateur ass oder war, géif ech de ganzen Abschnëtt eraushuelen. Well wat soll dësen Abschnëtt engem Lieser matdeelen, ausser dass d'SPL sech domatt wëllt e bëssen héichspillen. Wéi gesot, meng perséinlech Meenung. --Pecalux (Diskussioun) 13:36, 10. Abr. 2013 (UTC)Äntweren

Ech hunn deen Artikel viru ronn 4 Joer ugeluecht an dat Kapitel an der éischter Versioun schonns dragesat. Geduecht hat ech et net, fir méiglech komplett ze sinn, mä fir Leit opzezielen, déi enk mat der SPL verbonne waren an iwwert déi et entweder schonns en Artikel gëtt[1], oder iwwer déi et derwäert wier, en Artikel unzeleeën.

Et ass kloer, datt déi Oplëschtung net komplett ass, wat iwwregens de Fall ass fir ganz vill Oplëschtungen op der Wikipedia. Op der anerer Säit kann ee jo net einfach eng Memberslëscht hei drasetzen. Enger Wiki hier Stäerkt sinn jo Queeschverbindunge (Linken) déi et engem erlaben, sech e méiglechst ëmfaassend Bild iwwer en Thema ze maachen, dozou gehéiere menger Meenung no och esou Leit, déi enk mat deem Thema / Organisatioun ze dinn haten/hunn.

Fir mech ginn et e puer Weeër, fir dee Problem ze léisen, deen hei opgeworf gouf:

  • Esou loossen wéi et ass (meng Preferenz), eventuell mat Ëmbenennen vum Kapitel (z.B. "Archäologen, déi mat der SPL verbonne waren/sinn", domat wier de Problem vun der Kohärenz geléist; et kéint een och ganz einfach "Leit, ..." soen);
  • Ëmtesselen vun den Nimm an d'Kapitel "Kuckt och" a Läschen vum Kapitel (d'Info bleift erhalen);
  • Läschen vum Kapitel (Verloscht vun interessante Verbindungen).

--Christian Ries (Diskussioun) 06:43, 11. Abr. 2013 (UTC)Äntweren

Si mam Christian averstanen (esou loossen). An déi Lëscht solle just Persoune kommen, déi e bloe Link hunn. Et ass mMn interessant fir vum Artikel vun der Associatioun aus op bekannte Perséinlechkeeten aus deem Beräich ze kommen. --Cayambe (Diskussioun) 16:44, 11. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Ech sinn och der Meenung, datt ee nëmme Nimm, déi blo sinn, soll opféieren an net eng Lëscht maache matt Nimm fir déi et (nach) keen Artikel op der Wiki gëtt. D'Bedingung ass, datt déi Persoun Member vun der SPL ass oder war, an um Gebitt vun der Préhistoire eppes opzeweisen huet, och wann hiren Artikel net onbedéngt wéngst deem Gebitt op d'Wiki komm ass. Déi Persoun muss also net onbedingt e grousse Prehistoriker sinn oder gewiescht sinn an net primär als dat op d'Wiki komm sinn, mä z.B. als Naturwëssenschaftler oder als Moler.--Jamcelsus (Diskussioun) 21:23, 13. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
  1. Als Beispill kéint een de Professer Reichling nennen, deen eng bedeitend Sammlung vun archäologeschen Artefakten hannerlooss an eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikelen publizéiert huet.
Zréck op d'Säit "Société préhistorique luxembourgeoise".